Bléck op de Weekend: Et gëtt erëm méi waarm an et bleift dréchen

D'Kalfront vun haut bréngt kee nohaltegen Effekt mat sech. Schonn vu muer u gëtt et erëm méi waarm an d'Reewarscheinlechkeet geet zréck.

D’Grousswiederlag

Vum Samsden un erstreckt sech erëm no a no héije Loftdrock iwwer Deeler vu Mëtteleuropa, duerch deen d’Warscheinlechkeet fir Schaueren däitlech zréckgoe wäert. Och eis Temperature klammen erëm. Den déiwe Loftdrock zitt sech an de Südwesten souwéi och an den Oste vum Kontinent zréck.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend – mat héijem Loftdrock iwwert eise Käpp an déiwem Loftdrock iwwert dem Südwesten an Oste vum Kontinent | Grafik: wxcharts.com

De Verlaf

Muer um Samsden zéie wuel nach e puer Wolleken duerch, deemno wéi kann déi eng oder aner dovun och e bësse méi kompakt ausfalen. Trotzdeem sollt et dobäi awer dréche bleiwen an d’Sonn kënnt sech och weisen. D’Temperature starten um Moie bei tëscht 10 a 15 Grad an erreechen am Nomëtten e Maximum vun tëscht 21 a 26 Grad.

De Sonnden ass et vun Ufank un zimmlech sonneg, et zéie just e puer eenzel Wolleken duerch. Um Moie leien d’Temperaturen tëscht 12 a 15 Grad a klammen am Laf vum Nomëtten op Maximalwäerter vun erëm 21 a 26 Grad. Reen ass keen ze erwaarden.

Wat déi nächst Woch betrëfft, soll de reen-fräien Héichdrockafloss mol nach bis de Mëttwoch unhalen. Et gëtt bis dohin och erëm méi waarm, 30 Grad an driwwer si méiglech.