Bléck op de Weekend: Et gëtt liicht méi wollekeg, mee et bleift summerlech

De Weekend iwwer sti mir weiderhi gréisstendeels ënner Héichdrockafloss. De Sonnde kënnt dësen e bëssen un d’Wackelen, déiwe Loftdrock kritt sech awer net duerchgesat.

fir d’lescht aktualiséiert: 17. September 2020 – 21:57 Auer

Nidderschléi bleiwen eng Raritéit

Och de Weekend iwwer gi mir weiderhi mat waarme bis summerleche Loftmasse versuergt. Grond dofir ass e grousst Héichdrockgebitt mat sengem Kär iwwert dem Oste vum Kontinent an déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik. Dotëscht gi waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an eis Géigende geschëppt. Um Sonnde kann eng kleng Stéierung optriede, wouduerch d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren an Donnerwieder kuerzzäiteg erëm klamme kann. Fir d’Natur an och de Mënsch wier dat eppes erfreeleches.


D’Loftmasseverdeelung iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 18. September 2020

De Freidemoien ass den Himmel meeschtens kloer, ganz lokal begrenzt an haaptsächlech an den Däller kënne Niwwelfelder net ausgeschloss ginn. D’Temperature leien tëscht 11 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 18 Grad erop. Et bleift frëndlech an et gëtt séier méi waarm. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 22 bis 27 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Osten an areecht 40 km/h an de Spëtzten. Et zéie, wann iwwerhaapt, nëmmen e puer kleng an harmlos Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 10 Grad zréck, den Himmel bleift gréisstendeels kloer.

Samsden, 19. September 2020

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 18 bis 20 Grad erop. Et gëtt lues a lues méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 25 bis 28 Grad ze rechnen, aus Südweste gëtt et awer no a no méi wollekeg. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Norden, an de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Vum spéidere Nomëtten u klëmmt d’Warscheinlechkeet vun e puer Schaueren, déi bis an de spéideren Owend/déi fréi Nuecht era bestoe bleift. Dës Kéier sinn d’Wolleken an der Iwwerzuel, d’Temperature falen an der Nuecht op de Sonnden op 16 bis 13 Grad, plazeweis och drënner.

Sonnden, 20. September 2020

De Sonndemoien ass den Himmel meeschtens zou, d’Temperature leien tëscht 13 a 16 Grad. Lokal ass mol eng Schauer dran. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 18 bis 20 Grad erop, et bleift wollekeg an och d’Schauerwarscheinlechkeet besteet ëmmer nach. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 24 bis 28 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Nordoste mat Spëtzte vun 20 km/h. Trotz de nach méi décke Wolleke sollt et dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 15 bis 12 Grad zréck, et gëtt manner wollekeg.