Bléck op de Weekend: Et gëtt méi kill an et bleift wiesselhaft

Generell sti mir haaptsächlech ënner liichtem Héichdrockafloss, woubäi de Weekend selwer ëmmer méi oft déiwe Loftdrock probéiert, dotëschtzefunken.

D’Déifdrockgebitt, wat eis de Mëttwoch déi waarm Loftmasse bruecht huet, zitt an de nächsten Deeg weider a Richtung Norden a gëtt vun engem aneren Déif, wat an der Géigend vun de briteschen Inselen läit, absorbéiert. E weidere kuerzzäitege Virstouss vu méi mëlle Loftmasse gëtt um Samsden erwaart, iwwerdeems e klengt Randdéif vum Atlantik iwwer England a Richtung Norwegen zitt. Um Sonnde soll et scho rem manner waarm ginn an och den Trend fir déi nächst Woch gesäit ëmmer méi no kaalen Temperaturen aus.

Freiden, 25. Oktober 2019

De Freidemoien ass et meeschtens liicht wollekeg, allerdéngs muss och plazeweis mat méi décke Niwwelfelder gerechent ginn. Demno wéi kann et doduerch zu Fisemreen kommen. D’Temperature leien tëscht 9 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op 11 bis 14 Grad erop. Mir hunn ëmmer nach déi selwecht Situatioun: do wou sech de Niwwel/Héichniwwel opléist, stinn d’Chancen op sonneg Momenter net schlecht. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 13 bis 17 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süd- Südwesten. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Et besteet ëmmer nach d’Wahrscheinlechkeet vu Niwwel/Héichniwwel, wat natierlech en Afloss dorop huet, wéi oft mir d’Sonn ze gesi kréien. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 7 Grad zréck, et kläert op. Am Verlaf vun der Nuecht ka neie Niwwel entstoen.

Loftmasseverdeelung iwwert de Weekend (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 26. Oktober 2019

De Samsdemoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, plazeweis ass awer rem Niwwel dobäi. D’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op 11 bis 14 Grad erop. Wa sech de Niwwel opléist, ass mat sonnegem Wieder ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte sollt et also meeschtens frëndlech bei ville sonnege Momenter sinn, d’Temperaturen areeche Maximalwäerter vu 16 bis 19 Grad. De Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Süd- Südweste mat Spëtzte vu 40 km/h. Um Owend an an der Nuecht gëtt et aus nordwestleche Richtunge lues a lues ëmmer méi wollekeg, a Richtung fréie Sonndemoien ass mat den éischte Schaueren ze rechnen. D’Temperature falen op 12 bis 8 Grad.

Sonnden, 27. Oktober 2019

Um fréie Sonndemoie kann et ganz am Norde schon zu den éischte Schauere kommen, iwwerdeems et soss awer nach drëche bleiwe sollt. D’Temperature leien tëscht 9 an 12 Grad. Am Virmëtte klamme se net méi wäit, am ganze Land kann et zu Schauere kommen. Mëttes an am Nomëtte bleift et gro a naass bei 10 bis 14 Grad, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzte sinn 30 km/h ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 8 bis 4 Grad zréck, am Norde gëtt et no a no méi drëchen – wat a Richtung Méindemoien och ëmmer méi am Süden de Fall wäert sinn.