Bléck op de Weekend: Et gëtt méi mëll

Um Freiden an um Samsde gëtt et méi frëndlech, ier et um Sonnde rem méi onbestänneg kéint ginn.

Um Weekend sinn zwar ëmmer nach vereenzelt Schauere méiglech, et kann awer méi oft zu sonnege Momenter kommen. Zur selwechter Zäit gëtt et och rem e bësse méi mëll.

Freiden, 05. Abrëll 2019

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, e puer Niwwelfelder wärten och ënnerwee sinn. D’Temperature leien tësche -3 an 3 Grad, lokal kënne glaat Stroosse net ausgeschloss ginn. Am Virmëtte klammen des Werter op 5 bis 8 Grad erop. Soubal de Niwwel fort ass, ass et sonneg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 9 bis 14 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Osten. An de Spëtzte wärten em 25 km/h gemooss ginn. Sonn a Wollécke wiessle sech of, dobäi bleift et drëchen. Um Owend an an der Nuecht falen d’Temperaturen op 5 bis 3 Grad, et sinn eng Partie Wollécken ënnerwee.

Nëmme geréng Nidderschlagsquantitéiten iwwert de Weekend (wxcharts.com)

Samsden, 06. Abrëll 2019

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 3 a 5 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 8 bis 11 Grad erop. Soubal de Niwwel fort ass, ass mat vill Sonn ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 13 bis 17 Grad gemooss, de Wand bléist schwaach aus Osten. An de Spëtzten areecht dëse 25 km/h. Sonn a Wollécke wiessle sech rem of, et bleift dobäi drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 3 Grad zréck, et sinn eng Partie Wollécken ënnerwee.

Sonnden, 07. Abrëll 2019

De Sonndemoien ass et meechtens gro duerch Wollécken a Niwwel, d’Temperature leien tësche 4 a 9 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 10 bis 13 Grad erop, d’Sonn ka mol duerchkommen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 15 bis 19 Grad areecht, de Wand bléist meechtens schwaach aus Süden. An de Spëtzte sinn em 25 km/h ze erwaarden. Et zéien eng ganz Partie Wollécken duerch, déi eis déi eng oder aner Schauer oder och mol en Donnerwieder brénge kënnen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 5 Grad zréck, et ass meechtens bedeckt an eenzel Schauere kënnen och net ausgeschloss ginn.