Bléck op de Weekend: Et gëtt méi waarm mee och variabel

De Weekend iwwer gëtt et zwar méi waarm, mee vum Wiederzoustand hier awer méi schlecht.

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer grätscht déiwe Loftdrock aus Westen eran, duerch deen et däitlech méi fiicht gëtt. Zur selwechter Zäit ginn eis duerch héije Loftdrock waarm bis hin zu summerlech Loftmassen zougespillt. Dës Konstellatioun féiert dozou, dass d’Warscheinlechkeet vu Schaueren an de Risk vun Donnerwieder an d’Luucht goe wäert. En méi ausféierlechen Artikel zu der Donnerwiederthematik gëtt et méi spéit.


De Verlaf vum Weekendwieder | Animatioun: ECMWF Modell via wxcharts.com

Freiden, 03. Juni 2022

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 22 Grad erop. Et gëtt méi wollekeg, et sollt awer nach dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 22 a 27 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süden. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et gëtt ëmmer méi staark bedeckt, am Laf vum Nomëtten erreechen eis Schaueren an Donnerwieder aus Frankräich. Dobäi kënnt et haaptsächlech zu Staarkreen. Um Owend gëtt et weiderhi mol nach plazeweis naass, eréischt am spéidere Verlaf hëlt d’Warscheinlechkeet of. Spéitstens an der Nuecht bleift et bei ëmmer nach enger Partie Wolleke gréisstendeels dréchen. D’Temperature ginn op tëscht 12 a 15 Grad zréck.

Samsden, 04. Juni 2022

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 14 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 19 an 22 Grad. Et gëtt e Stéck méi wollekeg, et sollt awer wäitgoend dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 22 a 26 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Osten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Sonn a Wolleke wiessle sech of, lokal begrenzt ass eng kuerz Schauer awer net onméiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 13 a 17 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi wollekeg. An der zweeter Nuetshallschent erwaart eis e ganze Pak Reen aus Westen.

Sonnden, 05. Juni 2022

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 15 a 19 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 18 an 22 Grad erop. Et bleift wollekeg an och naass. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 20 a 24 Grad ze erwaarden, et gëtt méi dréchen. Lokal Schauere si mol nach dran, mee soss sollt sech d’Sonn awer zréckmellen. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Osten, an de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht kommen erëm e puer Wolleken dobäi, zumools spéiderhi si nei Schaueren aus Weste net ganz ausgeschloss.