Bléck op de Weekend: Et kommen erëm eenzel Flacken an d’Spill

De Weekend iwwer gerode mir erëm ënner méi kill a wanterlech Loftmassen. D’Warscheinlechkeet vu Schnéiflacke klëmmt erëm.

Fir d’lescht aktualiséiert: 22. Januar 2020 – 04:45 Auer

Manner Wand, dofir awer méi kill

De Weekend selwer hëlt de Wand erëm of an ass kee souee grousst Thema méi. Wat sech erëm zréck an de Virdergrond réckele wëll ass de Schnéi.

Freiden, 22. Januar 2021

De Freidemoien ass et staark bedeckt, dobäi ass Schaueren ze rechnen. Dës Schauere kënne besonnesch op de Koppen och mol als eenzel Flacken erofkommen, d’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad am Norden a soss tëscht 4 a 9 Grad. Am Virmëtte pendle se sech tëscht 2 a 6 Grad an, et bleift mol nach naass – dat och plazeweis ëmmer nach mat där enger oder anerer Flack. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 3 an 10 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h dobäi. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -1 Grad zréck, et bleift éischter bedeckt duerch Wolleken a Niwwel – an awer wäitgoend dréchen.


D’Verdeelung vun de Loftmassen iwwert de Weekend. Spéitstens um Samsde gëtt et méi kill. | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 23. Januar 2021

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, dobäi kënnen och eenzel Niwwelfelder optrieden. D’Temperature leien tëscht 0 an 3 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et bleift ëmmer nach bedeckt bis plazeweis niwwleg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 4 a 9 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Trotz de ville Wolleke kann et dotëscht och mol zu sonnege Momenter kommen, mee dës sinn éischter rar. Et bleift wäitgoend dréchen. Um Owend an an der Nuecht gëtt et iwwerall méi naass, duerch Temperaturen déi op 2 bis -1 Grad zréckginn kann dëse Nidderschlag méi oft als Schnéireen oder Schnéi falen. Glat Stroosse sinn ze erwaarden.

Sonnden, 24. Januar 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, am Ufank kann et nach zu Flacke kommen. D’Temperature leien tëscht -3 an 1 Grad a klammen am Virmëtten op -2 bis 1 Grad erop. Et bleift wollekeg, mee et gëtt manner oft naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu -1 bis 3 Grad areecht, de Wand bléist an de Spëtzten zäitweis spierbar a packt et op 40 km/h aus Südwesten. Et si vill Wolleken ënnerwee mee et soll méi laang dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis -1 Grad zréck, et ass erëm mat neie Nidderschléi aus Westen ze rechnen. Dës kommen als Reen erof, op de méi héije Plazen och gären als Schnéireen oder Schnéi. Glat Stroosse sinn do ze erwaarden.