Bléck op de Weekend: Frascht a Niwwel duerch Héichdrockwieder

Wa sech am Wanter staarken Héichdrock duerchsetzt, bedeit dat oft méi déck Niwwelfelder. Gäre kënnt dann och de Begrëff “Niwwel- Lotto” an d’Spill, well ee ni genee am Viraus soe kann, ob sech de Niwwel opléise wäert oder net.

Buedemfrascht a Niwwel

Net nëmme Niwwelfelder kënnen duerch den héije Loftdrock méi oft virkomme, mee och de Frascht an de Nuechten. Glat Stroosse ginn also och rem op verschiddene Plazen en Thema, Schnéi sollt awer keen ze erwaarde sinn.

Freiden, 27. Dezember 2019

De Freidemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 5 a 7 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 5 bis 8 Grad erop, d’Nidderschléi beweege sech lues a lues a Richtung Osten aus dem Land eraus. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 7 bis 10 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass mat 30 km/h ze rechnen. Et ass méi drëchen, mat Chance ka sech d’Sonn tëscht de ville Wolleke weise kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -2 Grad zréck, et ass rem mat glate Stroosse souwéi Buedemfrascht ze rechnen.

Nom Freide setzt sech héije Loftdrock duerch (GFS / wxcharts.com)

Samsden, 28. Dezember 2019

De Samsdemoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, méi déck Niwwelfelder kënnen awer och virkommen. D’Temperature leien tëscht -4 an 1 Grad, glat Stroosse sinn also wahrscheinlech. Am Virmëtte klammen d’Wäerter op -2 bis 1 Grad erop, réischt wa sech de Niwwel och wierklech opgeléist huet kënnt sech d’Sonn weisen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 1 bis 4 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Ost- Nordoste mat Spëtzte vun 20 km/h. Et gëtt no a no aus Nordweste méi wollekeg, reene wäert et awer net. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op -2 bis -4 Grad zréck, an eenzelnen Däller sinn och bis -7 Grad net ausgeschloss.

Sonnden, 29. Dezember 2019

De Sonndemoien ass den Himmel kloer, op villen anere Plazen awer och gro duerch zéie Niwwel. D’Temperature leien tëscht -7 a -1 Grad, glat Stroosse si rem dobäi. Am Virmëtte klammen des Wäerter op -3 bis 1 Grad erop, d’Situatioun bleift déi selwecht. Réischt wannd e Niwwel fort ass, gëtt et och wierklech sonneg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 4 bis 5 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Ost- Nordosten. An de Spëtzte packt en et op 20 km/h. Wéi et mat de sonnege Momenter ausgesäit, hänkt staark vum Niwwel of. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -7 Grad zréck, et gëtt rem glat a niwwleg.