Bléck op de Weekend: Frascht an de Nuechten, zäitweis naass

De Weekend iwwer erliewe mir en Hin an Hier tëscht héijem an déiwem Loftdrock.

fir d’lescht aktualiséiert: Freiden, 04. Dezember 2020 – 03:45 Auer

Variabel

De Weekend leie mir mol méi ënner Déifdrockafloss an am nächste Moment schonn erëm méi ënner Héichdrockafloss. Zumools de Freiden hu mir et duerch déiwe Loftdrock meeschtens mat ville Wolleken ze dinn, ier um Samsde minimalen Héichdrockafloss mat Chance mol fir e sonnege Moment suerge kann. Um Sonnde war et dat awer schonn erëm, en Déif iwwerhëlt erëm déi definitiv Iwwerhand.

Freiden, 04. Dezember 2020

De Freidemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a bleiwen am Virmëtten am selwechte Beräich. Et gëtt weiderhi naass. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 3 bis 7 Grad. De Wand bléist spierbar aus Süden a packt et an de Spëtzten op 40 km/h. Et bleift zimmlech wollekeg, mee et gëtt méi dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis 2 Grad zréck, et si nach weider Wolleken a Niwwelfelder ënnerwee.


Um Sonndenowend kéint den aktuelle Modellrechnunge no e Schnéigebitt opgezu kommen. Ass awer nach net all ze sécher. | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 05. Dezember 2020

De Samsdemoien ass et gro duerch méi décke Niwwel, d’Temperature leien tëscht 0 an 3 Grad. Et kéint mol zu glate Stroosse kommen. Am Virmëtte bleiwen dës Wäerter am selwechte Beräich, et ass ëmmer nach gro duerch Niwwel. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 3 bis 6 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südosten. An de Spëtzte packt en et op 30 km/h. Et gëtt e bësse manner wollekeg, mat Chance ka sech d’Sonn tëschenduerch kuerz weisen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 1 bis -3 Grad zréck, et geet mat Wolleken a Niwwel virun.

Sonnden, 06. Dezember 2020

De Sonndemoien ass et staark niwwleg, d’Temperature leien tëscht -3 an 1 Grad. Glat Stroosse sinn ze erwaarden. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op 0 bis 2 Grad erop, et gëtt no a no manner gro. Mëttes an am Nomëtte kënnen erëm e puer sonneg Momenter virkommen, d’Temperature packen et op e Maximum vun 2 bis 5 Grad. De Wand bléist schwaach aus Nord-Nordosten, an de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht kënnt de Niwwel zréck, d’Temperature falen op -1 bis -5 Grad. Glat Stroosse sinn ze erwaarden.