Bléck op de Weekend: Fraschteg Moienter, Hoffnung op sonneg Ofschnëtter

Muer um Freiden erwaart eis den Iwwergang vun déifdrockdominantem Wieder op eng Héichdrockwiederlag. An den Deeg drop ass virun allem an de Nuets- a Moiesstonne mat méi markantem Frascht ze rechnen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Haut den Owend zéie mol nach d’Rechter vun enger Kalfront iwwert eis ewech, duerch déi et op den héchste Koppen och mol zu vereenzelte Flacke ka kommen. Spéitstens an der Nuecht sollt et awer gréisstendeels dréche bleiwen, d’Temperature falen op e Minimum vu -4 bis -1 Grad.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag fir de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Muer um Freide breet sech vu Frankräich hier en Héichdrockgebitt an eis Géigenden aus, wat eng Bréck mat engem aneren Héichkär hierstellt, dat iwwert dem äussere Südoste vun Däitschland läit. Am weidere Verlaf vum Dag gëtt dëst de fir eis dominéierende Kär. Zur selwechter Zäit zitt nach e klengt Déif vum Ärmelkanal hier a Richtung Südfrankräich erof.

De Verlaf

Opgrond vun dëser Beschreiwung wäerten d’Chance fir sonneg Momenter um Freide net déi bescht sinn, iwwerdeems d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 0 a 4 Grad klammen. De Wand ass kaum spierbar ënnerwee. Änleches kann ee fir e Samschde soen, dat bei 2 bis 5 Grad. Léist sech de Niwwel op, ännert sech un dëse Wäerter näischt – ass de Géigendeel de Fall, da kënnen se méi niddereg wéi virausgesot ausfalen. An de fréie Moiesstonne sinn tëscht -6 a -2 Grad ze erwaarden. Fir e Sonnde ginn et keng grouss Ënnerscheeder, dat bei ëmmer nach 2 bis 5 Grad am Dag a -6 bis -2 Grad an de fréie Moiesstonnen.

Fir de Weekend si mir mat der Beschreiwung also séier duerch – ganz änlech gesäit et och nach an der Period bis e Mëttwoch aus. Et wäert also net vill Neies ze erziele ginn a nächster Zäit.