Bléck op de Weekend: Fraschteg Nuechten a Moienter, dobäi meeschtens dréchen

De Weekend leie mir nach gréisstendeels ënner Héichdrockafloss, och wann et am Laf vum Sonnde schonn liicht biergof geet.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wéi an de leschten Deeg ugekënnegt, notzt de Moment en Héichdrockgebitt seng Geleeënheet a kënnt op der Récksäit vun engem Déifdrockgebitt an eis Géigenden erofgezunn. Dëst Héich breet sech an de nächste Stonne weider aus a wäert sech bis muer mat sengem Kär iwwer Ostdäitschland beweegen. Vun do aus beweegt et sech weider a Richtung Tschechien a Polen, ier et de Sonnden iwwert der Ukrain ukënnt. Spéitstens dann fänkt et vum Atlantik hier un, ëmmer méi wollekeg a naass ze ginn – dëst sollt eis awer eréischt an de spéidere Stonne vum Sonnden erwaarden.

De Verlaf

Muer um Freiden ass den Himmel liicht wollekeg bis hin zu dréif duerch méiglech Niwwelfelder, déi bei Grousswiederlagen wéi dëser an de kale Joreszäiten üblech sinn. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 2 a 5 Grad, an der Nuecht geet et awer plazeweis op ënner null zréck. E Samschde gëtt en änlechen Dag, och wann a Richtung Owend awer och e puer Wolleke kënnen opdauchen. Nodeems an de fréie Moiesstonne nach viraussiichtlech tëscht -4 a -1 Grad gemooss ginn, sinn am Nomëtte 4 bis 7 Grad ze erwaarden.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag | Animatioun: wxcharts.com

E Sonndemoie geet et mat -5 bis -1 Grad un, am Dag ginn 2 bis 4 Grad erwaart. Fir d’éischt verleeft den Dag mol nach änlech wéi de Freiden an e Samschden, mee fréistens vum Nomëtten/spéitstens vum Owend un zitt den Himmel vu Westen hier ëmmer méi zou, well eis eng Front méi no kënnt. Déi éischt nennenswäert Schauere kënne fréistens um Owend schonn optrieden. E kuerze Bléck op déi nei Woch verréit, dass et e Méinden an en Dënschde nach zäitweis naass gëtt. Duerno soll et bis en Donneschde/Freiden erëm méi dréche virugoen.