Bléck op de Weekend: Freide summerlech, duerno erëm méi kill

De Weekend iwwer besteet zäitweis eng kleng Schauerwarscheinlechkeet, wierklech relevant Zomme sinn awer net dran. Eis Temperature packen et de Freiden op summerlech Wäerter, ier se an den Deeg drop awer erëm drënner falen.

fir d’lescht aktualiséiert: 04. September 2020 – 04:12

Héichdrock probéiert sech iwwer Waasser ze halen

Och de Weekend iwwer bleiwe mir gréisstendeels ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock, och wann de Versuch säitens den Déifdrockgebitter do ass, sech och kënnen duerchzesetzen. Aus dësem Grond kënnen zäitweis Stéierunge net ausgeschloss ginn, un deenen et lokal begrenzt mol e bësse reene kéint.

Freiden, 04. September 2020

De Freidemoien ass et wollekeg, och Niwwelfelder kënne lokal dobäi sinn. D’Temperature leien tëscht 15 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op 18 bis 23 Grad erop. Et gëtt a klenge Schrëtt manner wollekeg. Mëttes an am Nomëtte ka sech d’Sonn ëmmer besser weise kommen, et ass mat summerlechen Dageshéchsttemperature vun 22 bis 28 Grad ze rechnen. De Wand bléist schwaach bis zäitweis liicht spierbar aus Südwesten, an de Spëtzte gi 40 km/h areecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 15 bis 12 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi wollekeg. De Reen ass awer réischt fir de fréie Samsdemoien.

Vum Samsden u gëtt et méi kill (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 05. September 2020

De Samsdemoien ass et meeschtens wollekeg, et ass mat Schaueren ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op 13 bis 18 Grad erop. Et ass mol nach meeschtens wollekeg, d’Reewarscheinlechkeet geet awer zréck. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 16 bis 21 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West- Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et sinn ëmmer nach e puer Wolleken ënnerwee, d’Sonn weist sech awer dotëscht an et reent net méi. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 8 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg.

Sonnden, 06. September 2020

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 8 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op 11 bis 14 Grad erop. Et gëtt ëmmer méi wollekeg, et bleift awer dréchen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 14 bis 19 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Et bleift bedeckt, mee dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 6 Grad zréck, den Himmel kläert op.