Bléck op de Weekend: Fréisummerlech Temperaturen, zäitweis onbestänneg

De Weekend gëtt et nach e Stéck méi waarm. Allerdéngs ginn och méi fiicht Loftmassen an eis Géigende gelenkt, wouduerch et zu där enger oder anerer Schauer komme kéint. Och mol e Wieder ass net onméiglech.

Waarm, mee och fiicht Loftmassen um Wee

Duerch déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik westlech vu Frankräich an héije Loftdrock méi wäit iwwert dem Oste vum Kontinent gi mëll, mee awer och deels fiicht Loftmassen aus südleche resp. südwestleche Richtungen op Lëtzebuerg gelenkt. Dowéinst wäert et zäitweis méi onbestänneg sinn, dat a Form vu lokale Schaueren oder och mol Wiederen, déi optriede kënnen. Wéi sou oft wäert et viraussiichtlech awer net jidderee betreffen.

Freiden, 17. Abrëll 2020

De Freidemoie sinn e puer eenzel Wolleken ënnerwee, d’Temperature leien tëscht 8 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 17 Grad erop. D’Sonn weist sech nach méi oft. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 21 bis 26 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süd- Südwesten. An de Spëtzte gi 25 km/h areecht. Aus Weste gëtt et séier méi gro – Schaueren a Wiedere si net ausgeschloss. An der Nuecht geet d’Schauerwahrscheinlechkeet rem zréck, d’Temperature falen op 12 bis 8 Grad. Et zéie weiderhin e puer Wolleken duerch.

Zouhuelend méi fiicht Loftmassen iwwert de Weekend (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 18. Abrëll 2020

De Samsdemoien ass et gro, mee et sollt drëche bleiwen. D’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op 17 bis 19 Grad erop. Et gëtt e bësse manner wollekeg, d’Sonn kënnt sech weisen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 22 bis 26 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Süd- Südwesten. An de Spëtzte gi 25 km/h areecht. Sonn a Wolleke wiessle sech of – dës Wolleke kënnen och mol méi kompakt ausfalen. Et besteet rem eng kleng Wahrscheinlechkeet vun där enger oder anerer Schauer, och e Wieder ass net onméiglech.

Sonnden, 19. Abrëll 2020

De Sonndemoien ass den Himmel liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 15 bis 18 Grad erop, Sonn a Wolleke wiessle sech of. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 20 bis 25 Grad areecht, et bleift bei engem Mix aus Sonn a Wolleken. Reene sollt et net. De Wand ass schwaach bis liicht spierbar aus ëstleche Richtungen ënnerwee a packt et an de Spëtzten op 30 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 7 Grad zréck, et bleift drëchen.