Bléck op de Weekend: Frëndlech bis de Samsden, Ëmschwong um Sonnden

Mir leien ënner staarkem Héichdrockafloss, deen de Samsdenowend awer ufänkt ofzehuelen. Et ass also domat ze rechnen, dass et Enn der Woch nach zu engem Ëmschwong kënnt.

Héich hält bis de Samsde mat

De momentane Modellrechnunge no hält d’Héichdrockgebitt, wat eis grad beaflosst, séng Positioun bis an de spéidere Samsdenowend eran. Vum Sonnden un kann et dohier zu engem Ëmschwong kommen.

Freiden, 20. September 2019

De Freidemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëscht 0 an 2 Grad an den Däller am Norden. Soss sollten se tëscht 4 a 9 Grad leien, eenzel Niwwelfelder si net onméiglech. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 13 bis 15 Grad erop, et bleift sonneg. Mëttes an am Nomëtten hu mir et ëmmer nach mat ganz vill Sonn ze dinn, d’Temperaturen areechen e Maximum vun 18 bis 23 Grad. De Wand bléist schwaach bis zäitweis méi spierbar aus Osten. An de Spëtzte si 40 km/h ze erwaarden. Dohier wäerte sech d’Temperaturen och e bësse méi niddreg ufille, wéi se eigentlech sinn. Um Owend an an der Nuecht falen d’Temperaturen op 10 bis 5 Grad zréck, an den Däller si rem ähnlech Wäerter wéi an der vergaangener Nuecht méiglech. Et ka bis op 0 Grad zréckgoen, demno wéi och nach bësse méi wäit.

Héije Loftdrock hëlt de Samsdenowend of (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 21. September 2019

De Samsdemoien hu mir et rem mat engem meeschtens kloren Himmel ze dinn, dat bei Temperaturen déi an den Däller tëscht 1 a 4 Grad leie kënne. Soss ass mat tëscht 8 an 11 Grad ze rechnen. Am Virmëtte klammen d’Wäerter op 15 bis 18 Grad erop, d’Sonn huet ëmmer nach d’Iwwerhand. Och mëttes an am Nomëtte wäert dat esou bleiwen, d’Temperature klammen op e Maximum vun 22 bis 26 Grad. Et gëtt also rem spéitsummerlech, virun allem laanscht d’Musel mee och an de méi bewunnte Géigenden. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südosten, an de Spëtzte si bis 30 km/h dran. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 6 Grad zréck, an eenzelnen Däller geet et bis op 4 Grad erof. Virun allem an der zweeter Nuetshalschend gëtt et lues a lues méi wollekeg, reene sollt et awer net.

Sonnden, 22. September 2019

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 7 a 14 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 16 bis 19 Grad erop, et bleift éischter gro. Et besteet eng kleng Wahrscheinlechkeet vu Schaueren. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 20 bis 23 Grad ze rechnen, liicht schmeier Konditioune si méiglech. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südosten, an de Spëtzte packt en et op 30 km/h. Et kann zu eenzelne sonnege Momenter komme, mee dat ass just vu kuerzer Dauer. Um Owend an an der Nuecht zitt den Himmel rem zou, et ass mat Reeschaueren ze rechnen. D’Temperature falen op 15 bis 11 Grad, et gëtt also net méi sou kill.