Bléck op de Weekend: Frontenduerchgang um Sonnden

De Weekend geet nach roueg un, no a no mécht sech awer eng méi turbulent Ännerung bemierkbar.

fir d’lescht aktualiséiert: Freiden, 13. November 2020

Den héije Loftdrock, deen de Moment jo bei eis dominéiert, gëtt am Laf vum Weekend nëmme lues ëmmer méi aus westleche Richtunge gestéiert. Um Sonnde soll dann fir d’Woch ofzeschléissen eng Kalfront duerchzéien, dé fir méi groussflächege Reen an och staarke bis stiermesche Wand suerge kann.

Freiden, 13. November 2020

De Freidemoien ass den Himmel gréisstendeels zou, dat duerch Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 5 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op 8 bis 10 Grad erop. Et bleift éischter gro, d’Sonn huet keng all ze gutt Chancen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun 11 bis 15 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et geselle sech Nidderschléi dobäi, dat a Form vu Fisemreen a plazeweis och liichte Reeschaueren. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 7 Grad zréck, et gëtt lues a lues manner naass a Form vu Reen, de Niwwel bleift awer viraussiichtlech bzw. e kënnt erëm.


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 14. November

De Samsdemoien ass et meeschtens gro, mir hunn et erëm mat Niwwel ze dinn. D’Temperature leien tëscht 8 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op 10 bis 12 Grad erop. Et gëtt lues a lues manner gro. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun 12 bis 16 Grad ze erwaarden, et gëtt ëmmer manner wollekeg an d’Sonn kritt sech besser duerchgesat. De Wand bléist schwaach aus Süd-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht gëtt et aus Nordweste méi wollekeg, et sollt awer dréche bleiwen. D’Temperature ginn op 10 bis 7 Grad zréck.

Sonnden, 15. November

De Sonndemoien ass et wollekeg, d’Temperature leien tëscht 8 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op 11 bis 13 Grad erop. Et gëtt no a no méi wollekeg, et besteet eng kleng Reewarscheinlechkeet. Mëttes an am Nomëtten mecht sech aus Weste lues a lues eng Kalfront bemierkbar, déi eis am spéidere Nomëtte groussflächege Reen brénge wäert. Mat dobäi sinn och stiermesch Wandstéiss vu bis ëm 75 km/h aus Südwesten. Schonn um spéideren Owend verléisst eis de Reen a Richtung Osten, méi spéit kann den Himmel esouguer opkläeren. D’Temperature falen op 10 bis 7 Grad.