Bléck op de Weekend: Héichdrockafloss hëlt bëssen of, et gëtt méi mëll

De Weekend iwwer hëlt den Héichdrockafloss e bëssen of. Iwwerdeems ginn eis och erëm méi mëll Loftmassen zougespillt – de Frascht soll also erëm fir eng Zäit verschwannen.

Fir d’lescht aktualiséiert: 06. November 2020 – 01:20 Auer

Vum Samsdenowend un huet ëmmer méi en Déif, wat mat sengem Kär iwwert dem Atlantik läit, seng Fanger am Spill. Duerch d’Positioun vun dësem Déif an en Héichdrockafloss iwwert dem Oste vum Kontinent ginn erëm méi waarm Loftmassen aus Afrika an eis Géigenden transportéiert.

Freiden, 06. November 2020

De Freidemoien ass et méi oft gro duerch méiglech Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht -1 a 5 Grad aklammen am Virmëtten op 5 bis 7 Grad erop. De Niwwel sollt sech erëm lues a lues opléisen, ier d’Sonn erëm rauskënnt. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 10 bis 13 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Ost-Südosten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op e Minimum vu 4 bis -2 Grad zréck, plazeweis kéint et erëm glat ginn. Den Himmel ass ufanks kloer, spéiderhi kënnen erëm Niwwelfelder dobäikommen.


A Richtung Sonnden areechen eis erëm méi mëll Loftmassen aus dem Süden | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 07. November 2020

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, plazeweis ass et och erëm gro duerch méi décke Niwwel. D’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op 8 bis 10 Grad erop. Soubal de Niwwel fort ass kënnt sech d’Sonn weisen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 13 bis 16 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südosten. An de Spëtzte packt et de Wand op 30 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 6 Grad zréck, lokal begrenzt sinn och erëm 3 Grad méiglech. An den Däller kann erëm Niwwel dobäi sinn.

Video vum 05. November 2020

Sonnden, 08. November 2020

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, dat warscheinlech erëm duerch Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 3 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op 8 bis 11 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 13 bis 17 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Südosten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et zéie just e puer kleng an harmlos Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 5 Grad zréck, den Himmel ass erëm gréisstendeels kloer. Et besteet erëm eng Warscheinlechkeet vu Niwwelfelder.