Bléck op de Weekend: Héichdrockgebitt bréngt bësse méi wanterlecht Wieder

De Weekend iwwer installéiert sech e staarkt Héichdrockgebitt iwwert de briteschen Inselen, wouduerch däitlech méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg gefouert ginn. Et gëtt also rem e Stéck méi wanterlech.

Héich bréngt kill Loftmassen

Duerch en Héich, wat de Weekend iwwer iwwert de briteschen Inselen läit an deelweis e Kärdrock vu bis zu 1047 hPa areeche kann, gi kill Loftmassen aus dem héije Norden op Lëtzebuerg gelenkt. Och an der neier Woch bleiwe mir ënner dem Afloss vun dësem Héich, well et sech weider iwwer Mëtteleuropa ausdeene wäert.

Freiden, 17. Januar 2020

De Freidemoien ass et nach kuerz kloer bis liicht wollekeg (ausser et huet sech Niwwel forméiert), d’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op 5 bis 8 Grad erop, wou et séier méi gro gëtt. Déi éischt Schauere kënnen och scho laanscht de Westen optrieden. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 7 bis 11 Grad areecht, de Reen breet sech iwwert dem Land aus. De Wand bléist zäitweis spierbar aus Südweste mat Spëtzte vu 40 km/h. Och um Owend ass nach mat Schaueren ze rechnen, ier et an der Nuecht ëmmer méi drëche gëtt. D’Temperature ginn op 6 bis 2 Grad zréck, et ass mat Niwwelfelder ze rechnen.

Video vum 15. Januar 2020

Samsden, 18. Januar 2020

De Samsdemoien ass et gro, dat haaptsächlech duerch Niwwelfelder. Dobäi kënne geréngfügeg Nidderschléi wéi Fisemreen oder och Schnéigrisel falen, dat bei 1 bis 4 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 2 bis 5 Grad erop, et bleift gro. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 3 bis 6 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Westen. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Et ka gutt sinn, dass sech de Niwwel bal de ganzen Dag iwwer hale kann. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 3 Grad zréck, wann de Niwwel et zouléisst ginn et tëschenduerch och eenzel Opklärungen.

Sonnden, 19. Januar 2020

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, méi déck Niwwelfelder sinn awer och rem méiglech. D’Temperature leien tëscht -1 an 2 Grad, et kann also glat ginn. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 0 bis 3 Grad erop, et bleift méiglecherweis nach eng Zäit niwwleg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 3 bis 7 Grad areecht, de Wand bléist meeschtens schwaach a just heiansdo spierbar aus Nord- Nordosten. An de Spëtzte si 40 km/h ze erwaarden. Mat Chance léist sech de Niwwel op an d’Sonn ka sech nach séier weise kommen, ier se ënner geet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 1 bis -1 Grad zréck, et ass oft kloer. Nei Niwwelfelder stinn awer schon an de Startlächer.