Bléck op de Weekend: Héichdrockwieder mat knackeg killen Temperature bis de Sonnden

Um Atlantik läit déiwe Loftdrock, d’selwecht wéi och iwwert dem Osten. Dotëscht bleift bis Enn der Woch mol nach en Héichdrockgebitt gefong, wat eis mat dréchene mee äiskale Loftmasse versuergt.

fir d’lescht aktualiséiert: Freiden, 12. Februar 2021 – 01:51

Grousswiederlag

Héije Loftdrock huet sech zu Lëtzebuerg duerchgesat. Duerch d’Zesummespill vun déiwem Loftdrock westlech an ëstlech dovun (Omega-Wiederlag Light) bleift dëst Déif och nach eng Zäitche laang stationär. Bis de Sonnde bleift et kill an dréchen zu Lëtzebuerg, et ass also net vill Beweegung an der Wiederkichen.

Freiden, 12. Februar 2021

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht -11 a -6 Grad a klammen am Virmëtten op -7 bis -5 Grad erop. Et si lokal e puer Niwwelfelder ënnerwee. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu -3 bis 0 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis méi stramm aus Osten. An de Spëtzten ass e mat 50 km/h ënnerwee, et ass meeschtens frëndlech duerch vill Sonn. Dotëscht zéien e puer eenzel Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op -7 bis -11 Grad zréck, den Himmel kläert op.


De Verlaf vun de Loftmassen de Weekend iwwer | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 13. Februar 2021

De Samsdemoien ass den Himmel gréisstendeels kloer, d’Temperature leien tëscht -11 a -7 Grad a klammen am Virmëtten op -7 bis -4 Grad erop. Et bleift frëndlech, sonneg a kill. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vu -3 bis 1 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar bis stramm aus Osten. An de Spëtzten ass e mat 55 km/h ënnerwee. Doduerch fille sech d’Temperature nach méi niddreg un. Et bleift frëndlech, mir hunn et mat vill Sonn ze dinn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -6 a -8 Grad zréck, den Himmel bleift kloer.

Sonnden, 14. Februar 2021

De Sonndemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëscht -7 a -4 Grad a klammen am Virmëtten op -4 bis -2 Grad erop. Aus Westen zéien e puer eenzel Wolleken op, mee déi hu kee gréisseren Effekt. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vu 3 bis 5 Grad ze erwaarden, de Wand bléist erëm spierbar aus Südosten. An de Spëtzte packt en et op 50 km/h. Et bleift frëndlech a sonneg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -3 a -1 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi wollekeg.