Bléck op de Weekend: Iwwer 10 Grad a vill Sonn

Och iwwert de Weekend wärte mir ënnert dem Afloss vun engem kräftegen Héichdrockgebitt bleiwen.

Et geet virun…

Iwwert de Weekend wärte mir daat schéint a waaremt Wieder also behaalen. D’Temperature wärten em 10 Grad iwwert der 30-jähreger Moyenne leien, deels driwwer.

Freiden, 15.Februar 2019

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, e puer Niwwelfelder kënnen och rem optrieden. D’Temperature leien tësche -6 a 0 Grad, lokal si glaat Stroosse méigleg. Am Virmëtte klammen des Werter op 3 bis 7 Grad erop, de Niwwel misst sech lues a lues opléisen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 10 bis 13 Grad ze rechne, platzeweis kënne bis zu 15 Grad ereecht ginn. de Wand bléist schwaach aus Südoste mat Spëtzte vun 20 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -3 Grad zréck, et klärt gréisstendeels op. An de Moiesstonne ka rem besse Niwwel entstoen.

Mir bleiwen ënnert dem Afloss vun enger Omega-Wiederlag (wxcharts.eu)

Samsden, 16. Februar 2019

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tësche -4 an 1 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 2 bis 6 Grad erop, et ass mat vill Sonn ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte bleift dest och sou, d’Werter ereechen e Maximum vun 11 bis 14 Grad. De Wand bléist schwaach aus Ost-Südost mat 20 km/h an de Spëtzten. Um Owend an an der Nuecht ass et oft liicht wolléckeg bis kloer, Niwwel kann awer och rem optrieden. D’Temperature faalen op 2 bis -2 Grad.

Sonnden, 17. Februar 2019

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, lokal si Niwwelfelder ennerwee. D’Temperature leien tësche -3 an 2 Grad. Am Virmette klammen des Werter op 3 bis 7 Grad erop, de Niwwel verzitt sech emmer méi. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 9 bis 13 Grad ereecht, de Wand bléist liicht spierbar aus Süd-Südosten. An de Spëtzte ginn 30 km/h ereecht. D’Sonn ass ze gesinn. Um Owend an an der Nuecht kënnt rem d’Thema Niwwel op, d’Temperature ginn op 2 bis -2 Grad zréck.