Bléck op de Weekend: Iwwerduerchschnëttlech héich Temperaturen an ëmmer erëm naass

An de nächsten Deeg zéien ëmmer erëm Frontesystemer duerch, déi eis och ëmmer erëm gréisser Reequantitéite brénge kënnen.

fir d’lescht aktualiséiert: Freiden, 29. Januar 2021 – 02:30 Auer

E variable Weekend steet un

De Weekend iwwer hu mir et weiderhi mat variablem Wieder ze dinn, et kann ëmmer erëm naass ginn. Niewebäi bléist eis e spierbare Wand ëm d’Oueren.

Freiden, 29. Januar 2021

De Freidemoien ass et staark bedeckt, dobäi reent et groussflächeg. D’Temperature leien tëscht 7 an 11 Grad, et ass lefteg bis stiermesch. Am Virmëtte bleiwen dës Temperaturen am selwechte Beräich, et gëtt no a no manner naass mee et bleift wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vu 7 bis 11 Grad ze erwaarden, de Wand bléist ëmmer nach spierbar aus westleche Richtungen, an de Spëtzte sinn ëm 50 km/h ze erwaarden. Deelweis a lokal begrenzt sinn och nach eng Kéier kuerz 75 km/h net onméiglech, mee dat sollt am Nomëtten awer just nach eng Ausnam duerstellen. Et bleift bedeckt a naass. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 an 8 Grad zréck, et bleift weiderhi naass och wann d’Nidderschléi manner frequent ginn.


Ëmmer erëm zéie Fronten duerch, duerch déi et naass gëtt

Samsden, 30. Januar 2021

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, dobäi ass mat Reen ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 2 a 6 Grad a pendle sech am Virmëtten tëscht 1 a 7 Grad an. Et reent meeschtens, op den héchste Koppe kënnen awer och eenzel Flacken tëscht dem Reen sinn. Mëttes an am Nomëtte ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 2 Grad an der Nordhallschent zréck, am Süden op tëscht 1 an 3 Grad. Besonnesch op de Koppe kann et méi oft schneien, am Süden handelt et sech meeschtens ëm Schnéireen oder Reen. De Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Ost-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h dobäi. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis -3 Grad zréck, de Schnéifall kann och elo kuerzzäiteg am Süde méiglech sinn. Dëst ass awer net fir laang, well de Nidderschlag sech a Richtung fréie Sonndemoien aus dem Land verzéie wäert.

Sonnden, 31. Januar 2021

De Sonndemoien ass et wollekeg, mee et bleift dréchen. D’Temperature leien tëscht -3 a 0 Grad, et ass mat glate Stroossen ze rechnen. Am Virmëtte klammen des Wäerter op -2 bis 2 Grad erop, d’Wolleke verloossen eis lues a lues a Richtung Süden aus dem Land. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun 2 bis 5 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Ost-Südosten. An de Spëtzten ass e mat bis zu 30 km/h dobäi. Et ass mat e puer sonnege Momenter ze rechnen an et bleift gréisstendeels dréchen. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 1 a 4 Grad an. Aus Westen zitt Reen an d’Land eran, deen am Ufank lokal nach als Glëtz fale kann. Duerno geet d’Gefor vu glate Stroosse séier zréck.

Livestream vum 28. Januar 2021