Bléck op de Weekend: Kaal, vill Wolleken a Schaueren

De Weekend sti mir haaptsächlech rem ënner Déifdrockafloss. Ënnert anerem mat dobäi: D’Iwwerreschter vum Ex- Hurrikan LORENZO.

Vill Wolleken an e Stéck méi kaal

De Weekend gëtt rem vun déiwem Loftdrock dominéiert. Zumools a Richtung Sonnden areechen eis rem méi kill Loftmassen, soudass et nach e Stéckche méi hierschtlech dobausse wäert ginn.

Freiden, 04. Oktober 2019

De Freiden hu mir et mat den allerleschten Iwwerreschter vum Ex- Hurrikan LORENZO ze dinn, déi awer näischt méi mat engem Hurrikan um Hutt hunn. Moies ass et staark bedeckt, dobäi reent et. D’Temperature leien tëscht 6 an 10 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 9 bis 12 Grad erop, et bleift gro a naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 12 bis 16 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Weste mat Spëtzte vu 40 km/h. Weider Schauere si méiglech. Vum Owend bis an de spéiden Owend era kann et nach zu Schauere kommen, ier et an der Nuecht selwer méi drëche gëtt. D’Temperature falen op 11 bis 9 Grad.

De Weekend vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 05. Oktober 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 8 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op 9 bis 12 Grad erop. Et bleift gro, mee meeschtens drëchen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 10 bis 15 Grad areecht, de Wand bléist liicht spierbar aus Oste mat Spëtzte vun 30 km/h. Et zéie vill Wolleken duerch, et bleift awer drëchen. Mat Chance weist sech d’Sonn och kuerz. Um Owend an an der Nuecht gëtt et rem méi gro, a Richtung Sonndemoie setzt neie Reen aus Westen an. D’Temperature ginn op 8 bis 4 Grad zréck.

Sonnden, 06. Oktober 2019

De Sonndemoien ass den Himmel staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 4 a 9 Grad. Eischt Schauere si méiglech. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 7 bis 10 Grad erop, de Reen ka méi staark ausfalen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 9 bis 12 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Ost- Südoste mat Spëtzte vun 30 km/h. Et bleift weiderhi gro, dobäi sinn ëmmer nach där méi staarker Schauere méiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 5 Grad zréck, an den Däller am Norden op 3 Grad.