Bléck op de Weekend: Kaalfrontpassage

Lëtzebuerg läit de Moment ënnert dem Afloss vun enger Hëtztwell. De Weekend erwaart eis de Passage vun enger Kaalfront, woubäi et awer ëmmer nach summerlech bleift.

Kaalfrontpassage (ICON Modell)

Nëmme kuerzzäitëg manner waarem

Um Freiden ass mat engem Sonn- Wolléckemix ze rechnen. D’Loftmasse sinn drëchen, soudass éichter net mat der Entstéiung vu vereenzelte Schaueren ze rechnen ass. D’Temperature packen et op Maximalwerter vun 31 bis 37 Grad, waat enger extremer Hëtztbelaaschtung entsprëcht. Déi gefillt Temperature wärten am Beräich vun de 40 Grad leien. Um Owend bleift et frëndlech a waarem, soudass beim Observéiere vun der totaler Mounddäischtert just e puer Wollécken um Himmel sinn, déi net groussartëg stéiere sollte. Réicht ab der zweeter Nuetshalschend ass mat engem bedeitenden Zouhuele vun de Wollécken ze rechnen. D’Temperature wärte gréisstendeels op 22 bis 17 Grad zréckgoen, just an den éislécker Däller ass mat engem méi däitleche Réckgang ze rechnen.

Um fréie Samsdemoie wärt et op de meechte Plaatze bedeckt sinn, dobäi kënnt et och mol zu Reeschaueren. Plaatzeweis besteht och de Risk vun dem engen oder aneren Donnerwieder, woubäi et haaptsächlech zu méi staarkem Reen an och spierbare Wandstéiss komme kann. D’Temperature packen et trotzdem op Maximalwerter vun 23 bis 30 Grad. Schon am Laaf vum Nomëtte gëtt ët ëmmer manner wolléckeg an d’Sonn kënnt duerch. Um Sonndë gëtt et schon e Stéck besser: Et zéie nëmmen e puer harmlos Wollécken iwwert den Himmel an d’Sonn huet rem d’Iwwerhand. D’Temperature ginn de Moment op 27 bis 32 Grad vun de Modeller geschaat.

Vun der neier Woch un gëtt et rem e Stéckche méi waarem.