D’Temperature ginn de Weekend iwwer erëm e Stéck zréck, duerch eng Kalfront gëtt et virun allem de Samsde naass.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Muer um Freide läit eng Kalfront iwwert dem Nordweste vu Frankräich an och dem Weste vun der Belsch. Virlafend vun dëser Front si schonn méi wäit ëstlech Nidderschléi aktiv, déi vum spéidere Freidenowend/der Nuecht op de Samsden en Thema ginn.
E Samsde passéiert eis d’Kalfront eréischt, d’Schaueraktivitéit klëmmt doduerch. Am Laf vum Sonndemëtten- a Nomëtten dréckt vu Westen hier erëm héije Loftdrock eran, wouduerch mat enger Besserung ze rechnen ass.
De Verlaf
Muer um Freide geet et richteg frëndlech un, am Laf vum Dag gëtt et awer no a no méi wollekeg. De Reen hält sech awer nach gréisstendeels zréck, eréischt um spéideren Owend oder an der Nuecht op de Samsde ginn éischt Schaueren en Thema. Ier et esouwäit ass klammen d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 23 a 27 Grad. E Samsde selwer zitt dann déi ugeschwat Kalfront iwwert eis ewech – duerch si sinn ëmmer erëm Schauere méiglech, eenzel Donnerwieder si net ausgeschloss. Dotëscht kënnt sech d’Sonn awer och heiansdo weisen bei 20 bis 24 Grad.
An der Nuecht op de Sonnde berechnen eenzel Modeller e méi kräftegt Reegebitt, wat eis deemno wéi uerdentlech Zomme kéint bréngen. Et bleift awer elo mol nach ofzewaarden, ob dës Berechnungen esou bleiwen oder net. E Sonnde selwer gëtt et nach bis an de Virmëtten era naass, ier dann vu Westen hier no a no eng Besserung asetzt. Et gëtt also am Laf vum Rescht vum Dag ëmmer méi frëndlech, spéitstens an der Nuecht op e Méinde kann et esouguer plazeweis opkläeren. Dagsiwwer packt et den Thermometer op 20 bis 23 Grad.
An den Deeg drop ginn d’Nidderschléi erëm méi rar, d’Temperature beweege sech ëmmer nach méi oder manner am summerleche Beräich.