Weekend: Klenge Schauerrisk a waarm

Den 21. Weekend vum Joer steet un. Mam Wieder geet et iwwerdeems d’selwecht viru wéi mir et och schon an de leschten Deeg haaten: Sonn a Wollécken am Wiessel a just e klenge Schauerrisk. D’Temperature beweege sech op iwwer 20 Grad.

De Weekend kënnt mol rem bësse méi héije Loftdrock an d’Spill. Et wärt also och minimal manner wolléckeg ginn. D’Wahrscheinlechkeet vu Schauere gëtt et zwar heiansdo och, ass awer och nëmme kleng.

Freiden, 23. Mee 2019

De Freidemoien ass et méi oft gro, daat haaptsächlech duerch héich Wollécken resp. Héichniwwel. D’Temperature leien tëschen 8 a 15 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 16 bis 20 Grad erop, et sinn ëmmer nach eng Partie Wollécken ënnerwee. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 19 bis 24 Grad areecht, de Wand bléist nëmme schwaach aus Nordwesten. An de Spëtzte gi 25 km/h areecht. Bei e puer méi décke Wollécke ka sech d’Sonn heiansdo weisen, et besteht awer d’Wahrscheinlechkeet vu lokale Schaueren oder och Donnerwiederen. Um Owend an an der Nuecht geet d’Wahrscheinlechkeet dovunner zréck an d’Wollécke verzéie sech ëmmer méi. D’Temperature ginn op 11 bis 5 Grad zréck an et klärt lokal souguer op.

D’Weekendwieder vun uewen – ARPEGE (wxcharts.com)

Samsden, 25. Mee 2019

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tësche 7 an 13 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 13 bis 17 Grad erop, d’Sonn ass ze gesinn. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 16 bis 21 Grad areecht, de Wand bléist zäitweis liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Et besteet rem eng kleng Wahrscheinlechkeet vun Donnerwiedere, wou et net kann ausgeschloss ginn, dass Wandspëtzte vu ronderem 60 km/h optriede kënnen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 11 bis 6 Grad zréck, iwwreg bleiwe just nach e puer eenzel Wollécken.

Sonnden, 26. Mee 2019

De Sonndemoien ass et wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 8 a 14 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 14 bis 18 Grad erop, d’Wollécken huelen zou. Eng kleng Schauer ass net onméiglech. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 18 bis 22 Grad areecht, de Wand bléist meechtens schwaach a nëmme liicht spierbar aus Westen a packt et op Spëtzte vun 30 km/h. Et si vill Wollécken ënnerwee, reene sollt et awer nëmme ganz enk begrenzt mol. Meechtens ass et also drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 10 Grad zréck an, neie Reen zitt an d’Land eran.