Bléck op de Weekend: Kill a vereenzelt Schaueren

Dir plangt de Weekend en Ausfluch op d’Fouer? Oder hutt soss eppes vir? An de folgenden Zeile gidd Dir gewuer, ob Iech d’Wieder e Strich duerch d’Rechnung mëcht oder nët.

Situatioun

Waat d’Fouer ugeet ass den Donnëschde vir den Ufank mol de frëndlechsten Dag. D’Temperature klamme nachengkéier op 29 Grad an et ass just vereenzelt mol mat Schaueren ze rechnen. Um Owend gëtt de Risk dovunner ëmmer méi kleng.

Ab dem fréie Freidemoie passéiert Lëtzebuerg eng Kaalfront, duerch déi déi waarem Loftmassen an östlech Richtunge verdrängt ginn. Soumadde geréit däitlech méi kaal Loft op Lëtzebuerg, déi awer nët all ze laang bei eis bleiwe wärt. Während der méi killer Period kënnt et zu vereenzelte Schaueren, och daat engt oder anert Donnerwieder kann een och net vollkommen ausschléissen. Vill Reen sollt awer net eroofkomme, soudass d’Drëchent, déi mëttlerweil scho Méinte laang undauert, monter viru geet.

Wéi et schéngt, gëtt et am Laaf vun der neier Woch scho rem lues a lues méi summerlëch. Nidderschléi trieden och dann nëmmen zäitweis a lokal begrenzt op. De geneeë Verlaaf dozou fannt Dir ënnert dësem Link.

Animatioun: Temperatur aus annerhalwem Kilometer Héicht während dem Passage vun der Kaalfront. (wxcharts.eu)

Freiden, 24. August 2018

Um Freide starte mir mat ville Wollécken an den Dag eran, et geet awer just lokal begrenzt mol vir eng Schauer duer. D’Temperature leie bei 11 bis 16 Grad. Am Laaf vum Virmëtten a vum fréie Mëtten zéien déi déckst Wollécke, zesummenhänkend mat der Kaalfront, duerch. Schauere sinn trotzdem nëmmen heiansdo ze erwaarden. Ab dem Nomëtte ginn d’Wollécke no a no manner déck, mat Chance kënnt souguer d’Sonn mol kuerz eraus. Et ass mat Maximalwerter vu 17 bis 22 Grad ze erwaarden. Um Owend gëtt ët ëmmer manner wolléckeg, et klärt plaatzeweis souguer kuerz op, ier am Laaf vun der zweeter Nuetshalschend Reen opzitt. Et killt op 12 bis 8 Grad of.

Samsden, 25. August 2018

Um Samsdemoien ass et staark bedeckt an et kënnt zu Schaueren, déi awer meechtens nëmme vu schwaacher Natur wärte sinn. Och waat d’Quantitéit ugeet ass net mat vill ze rechnen, d’Temperature leien zwëschen 8 an 12 Grad. A Richtung Mëtten a Nomëtte gëtt ët ëmmer manner wolléckeg, soudass sech e Mix aus Sonn a Wollécken astellt. Dobäi si just nach ganz lokal vereenzelt Schauere net auszeschléissen. D’Temperature packen et op e Maximum vu 15 bis 19 Grad. An der Nuecht op de Sonndë klärt et rem op, mee et gëtt mat 10 bis 7 Grad an der Géigend vun der Stad zimmlech kill. An eenzelnen Däller am Norde kënnen d’Werter souguer op ënner 4 Grad zréckgoen.

Reenquantitéite bis de Méinden (ICON, wxcharts.eu)

Sonndën, 26. August 2018

De Sonndën ass den eenzegen Dag de Weekend wou mir frëndlech an den Dag era starten. Et ass nëmme liicht wolléckeg, dobäi kënnt et zu eenzelne Niwwelfelder. D’Temperature leie bei 6 bis 11 Grad. Um Mëtten an och am Nomëtte wiessle sech Sonn a Wollécken of, et bleift drëche. Mat 18 bis 21 Grad gëtt et scho liicht méi waarem zu Lëtzebuerg. Um Owend an an der Nuecht gëtt ët séier méi wolléckeg an et ass Landreen ze erwaarden, deen awer net all ze laang unhaale sollt. D’Temperature ginn op 12 bis 5 Grad zréck. Aktuelle Modellrechnunge no kéinten an eenzelnen Däller am Norden d’Werter op ënner 4 Grad faalen.

Wéi genee et duerno virugoe wärt mam Wieder zu Lëtzebuerg fannt Dir ënnert dësem Link.

Wéi sech d’Wieder déi nächst dräi Deeg am Détail entwéckle wärt, fannt Dir an de Wiederprognosen.