Bléck op de Weekend: Kuerzzäiteg summerlech, duerno Temperaturstuerz

Vum Weekend u baut sech lues awer sëcher eng zimmlech interessant Wiederlag op.

Ufanks deels summerlech Temperaturen, dann Ëmschwong

Bis de Samsden erwaart eis nach keng gréisser Ännerung wat d’Temperaturen ugeet. De Sonnden ass zwar schon däitlech méi kill, de richtegen “Temperaturstuerz” ass awer haaptsächlech réischt de Méinden ze erwaarden.

Freiden, 08. Mee 2020

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis bedeckt, d’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 16 bis 18 Grad erop, et bleift zimmlech wollekeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 21 bis 25 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Osten. An de Spëtzten ass e mat 20 km/h ënnerwee. D’Sonn ka sech tëscht den deels méi kompakte Wolleke weise kommen, et bleift drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 10 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg bis et opkläert.

Video vum 09.05.2020

Samsden, 09. Mee 2020

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 13 bis 17 Grad erop, et gëtt lues méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 20 bis 23 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach aus Ost- Südosten. Haaptsächlech am spéidere Nomëtten an och um Owend kann et mol sinn, dass et zu e puer Schaueren oder och mol zu dem engen oder aneren Donnerwieder kënnt. Am Fall vun engem Donnerwieder ass e liefhafte Wand méiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 10 Grad zréck, et ka weiderhin zu Nidderschléi kommen.

Sonnden, 10. Mee 2020

De Sonndemoien ass den Himmel meeschtens gro, dat duerch Wolleke mee och lokal Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 12 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 18 Grad erop. Et gëtt méi wollekeg, mee et bleift nach meeschtens drëchen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 14 bis 20 Grad ze rechnen, et ass mëttlerweil staark bedeckt. Et si Schaueren ze erwaarden. De Wand bléist spierbar aus Westen, an de Spëtzte packt en et op 40 km/h. Et gëtt no a no ëmmer méi bedeckt. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 2 Grad zréck, an den Däller am Norde sinn och mol Wäerter vu ronderëmt dem Gefréierpunkt méiglech. Duerch Nidderschléi, déi parallel dozou fale solle, kann et plazeweis sinn, dass et zu Schnéireen oder eenzelne Flacke kënnt.