Bléck op de Weekend: Lokal rem bis zu 10 Grad dran, lefteg

D’Westwiederlag geet monter weider, just gerode mir rem ënnert den Afloss vu liicht méi mëlle Loftmassen. Dohier gëtt et engersäits méi mell, anerersäits bleift eis duerch d’Grousswiederlag och den zäitweis méi stramme Wand erhalen.

En Déif, wat vum Freiden un bis de Sonnde mat séngem Kär iwwert déi brittesch Inselen zéie wäert, bréngt eis onbestännegt mee och méi mëllt Wieder. De Wand ass oft spierbar, mee virun allem um Samsde kéint et mol rem emol stiermesch ginn.

Freiden, 28. Februar 2020

De Freidemoien ass den Himmel liicht wollekeg, Niwwelfelder sinn awer och plazeweis ze erwaarden. D’Temperature leien tëscht -3 a 0 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Glat Stroosse sinn ëmmer nach méiglech. Et gëtt no a no méi wollekeg, et bleift awer nach drëchen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 1 bis 6 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus südleche Richtungen. An de Spëtzte si 55 km/h ze erwaarden. Et gëtt no a no méi naass. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 4 a 6 Grad an, et ass mat Reen ze rechnen.

E Stuermdéif iwwert de britteschen Insele beaflosst eist Wieder de Weekend (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 29. Februar 2020

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 6 bis 8 Grad erop, et gëtt méi drëchen. Mat vill Chance ass plazeweis och e kuerze sonnege Moment dobäi. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 3 bis 8 Grad areecht, de Wand bléist spierbar bis deels stiermesch aus Südwesten. An de Spëtzte kënne Wäerter vu 75 km/h optrieden. Et gëtt ëmmer méi naass, groussflächeg reent et. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis 1 Grad zréck, eenzel Schauere bleiwen am Beräich vum Méiglechen. Op de Koppe kann och mol eng Flack drënner sinn.

Sonnden, 01. Mäerz 2020

De Sonndemoien ass den Himmel meeschtens bedeckt, d’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad. Et kënnt zu liichte Nidderschléi, déi haaptsächlech op de Koppen als vereenzelt Flacken erofkomme kënnen. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 3 bis 7 Grad, et gëtt méi drëchen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 4 bis 8 Grad ze rechnen, de Wand bléist spierbar aus Südweste mat Spëtzte vu 50 km/h. Haaptsächlech am Nomëtte si kuerz sonneg Momenter méiglech. Um Owend an an der Nuecht zitt neie Reen op, d’Temperature falen op 4 bis 2 Grad. Op de Koppe kann och mol rem eng Flack dobäi sinn, ier et an der zweeter Nuetshalschend iwwerall méi drëche gëtt.