Bléck op de Weekend: Lues rem méi waarem

De Weekend geroode mir ëmmer méi ënner Héichdrockafloss. Et ass mat manner Wollécken an och rem méi héigen Temperaturen ze rechnen.

Rem méi waarem Loftmassen (ICON/wxcharts.eu)

Samsden, 15. September 2018

De Samsdemoie si nëmme wéineg Wollécken ënnerwee, eenzel Niwwelfelder kënnen awer dobäi sinn. D’Temperature leien zwëschen 8 an 11 Grad. Am Virmëtte klammen d’Werter op 13 bis 16 Grad, et komme just e puer kleng Wollécke mat dobäi. Am Laaf vum Mëtten a vum Nomëtte kënnt et zu engem frëndleche Mix aus Sonn a Wollécken, reene sollt et dobäi net. Et ass mat 16 bis 20 Grad ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht verzéie sech d’Wollécke rem an et klärt op de meechte Plaatzen op, Niwwel kann awer och rem dobäi sinn. D’Werter ginn op 12 bis 6 Grad zréck.

Manner wollécken, méi waarem

De Weekend geroode mir rem ëmmer méi ënnert den Afloss vun héigem Loftdrock. Et zéie nach e puer eenzel Wollécken duerch, reene sollt et awer net méi. A Richtung Sonndë fannen och emmer méi waarem Loftmassen e Wee op Lëtzebuerg, wouduerch virun allem ab der neier Woch rem summerlech Werter net auszeschléisse sinn.

Um Freide starte mir mat engem wolléckegem Himmel an den Dag eran, Niwwel oder Fisemreen ass dobäi och plaatzeweis méigleg. D’Temperature leien ufanks tëschen 8 a 14 Grad ier se am Virmëtten op 14 bis 18 Grad klammen. Am Laaf vum Mëtten a Nomëtten si nach eng Partie Wollécken ënnerwee, reene sollt et awer eigentlech net méi. Sollt eng Ausnahm optrieden, da just lokal an enk begrenzt. Et si 17 bis 21 Grad ze erwaarden a mat Chance weist sech d’Sonn och mol kuerz. Um Owend an an der Nuecht gëtt et no a no manner wolléckeg an d’Temperature faalen op 11 bis 6 Grad.

Sonndën, 16. September 2018

De Sonndëmoien geet et scho frëndlech an den Dag eran. Et si kaum Wollécken ënnerwee, d’Sonn schéngt a just plaatzeweis ass mat Niwwelfelder ze rechnen. D’Temperature leien zwësche 6 an 12 Grad. Am Virmëtten bleift et frëndlech bei 16 bis 19 Grad. Mëttes an am Nomëtten bleift et d’selwecht an et zéien héchstens e puer Wollécken duerch, déi awer kee Reen brénge wärten. D’Sonn weist sech ëmmer rem bei 19 bis 23 Grad. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 5 Grad zréck an ausser Niwwelfelder bleift d’Wieder frëndlech.