Bléck op de Weekend: Meechtens bedeckt a Schaueren

Den Tour mat der Achterbunn geet weider. D’Temperature faalen de Weekend op em 10 Grad, dobäi ass et oft bedeckt. Schauere kënnen ëmmer rem optrieden.

De Weekend hänkt en Déif iwwert eise Käpp, wouduerch et déi meecht Zäit bedeckt an och naass wärt sinn. Eng Besserung kënnt d’nächst Woch awer an d’Spill.

Freiden, 26. Abrëll 2019

De Freidemoien ass et meechtens bedeckt, dobäi kann et mol naass ginn. D’Temperature leien tësche 7 a 9 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 9 bis 13 Grad erop, et bleift nach oft gro mee et gëtt manner naass. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 13 bis 18 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzte kënnen ëm 30 km/h areecht ginn. Et sinn eng Partie Wollécken ënnerwee, et sollt awer meechtens drëche bleiwen. Mat vill Chance ass och mol e kuerze sonnege Moment méiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 5 Grad zréck. No enger kuerzer Phase, wou net vill Wollécken ze gesi sinn, gëtt et séier rem bedeckt an et reent.

Samsden, 27. Abrëll 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent am ganze Land. D’Temperature leien tësche 6 a 9 Grad a klammen am Virmëtte bei weiderem Reen op 7 bis 10 Grad erop. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 7 bis 11 Grad ze rechnen, de Wand bléist frësch aus West-Südwesten. An de Spëtzte kënne 50 km/h areecht ginn an et reent weider. Um Owend an an der Nuecht falen d’Temperaturen op 6 bis 4 Grad. Mir behaalen dat naasst Wieder.

Sonnden, 28. Abrëll 2019

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent ëmmer nach. D’Temperature leien tësche 4 a 7 Grad a klammen am Virmëtte net méi wäit. Et bleift bedeckt a naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 10 Grad erwaart, dat bei engem liicht spierbare Süd-Südwestwand. An de Spëtzte wärten em 35 km/h gemooss ginn. De Reen ass ëmmer nach en Thema, lokal kann et och mol vir en Donnerwieder duergoen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 4 Grad zréck an et gëtt ëmmer manner wolléckeg a naass. Spéiderhi kann et souguer opklären.