Bléck op de Weekend: Méi drëchen a méi waarm

De Weekend gëtt et duerch den Afloss vun héjem Loftdrock haaptsächlech méi drëchen, d’Chancen op sonneg Momenter klammen awer och – genee wéi d’Temperaturen.

Am spéidere Verlaf vum Freide gerode mir ëmmer méi ënner Héichdrockafloss. Haaptsächlech um Samsde läit de Kär dovun iwwer Däitschland, wouduerch et och bei eis däitlech méi frëndlech wäert ginn. Och wa Schauere net zu 100% onméiglech sinn, bleift et awer allermeeschtens drëchen.

Freiden, 13. Mäerz 2020

De Freidemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 2 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op 4 bis 7 Grad erop. Et gëtt méi gro. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 6 bis 10 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Westen. An de Spëtzte packt en et op 55 km/h. Et sinn eng ganz Partie Wolleken ënnerwee, op den allermeeschte Plaze sollt et awer drëche bleiwen. Haaptsächlech am spéidere Nomëtte si mat Chance sonneg Momenter méiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -1 Grad zréck, glat Stroosse si méiglech.

De viraussiichtleche Verlaf vum Weekend vun uewe gekuckt (ECMWF, wxcharts.com)

Samsden, 14. Mäerz 2020

De Samsdemoien ass et oft gro, dat awer och duerch Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht -1 an 1 Grad, glat Stroosse si méiglech. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 4 bis 6 Grad erop, et bleift meeschtens gro. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 8 bis 12 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis spierbar aus Süd- Südweste mat Spëtzte vun 30 km/h. Trotz enger ganzer Partie Wolleke kënnen tëschenduerch sonneg Momenter net ausgeschloss ginn. Et bleift drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis 1 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg.

Sonnden, 15. Mäerz 2020

De Sonndemoien ass et nach méi oft gro duerch Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 7 bis 9 Grad erop, et gëtt no a no manner gro. Mëttes an am Nomëtte wiessle sech Sonn a Wolleken of an et bleift drëchen. D’Temperature klammen op e Maximum vun 11 bis 16 Grad. De Wand bléist schwaach bis spierbar aus südleche Richtungen a packt et op 40 km/h. Am weidere Verlaf si kaum nach Wolleken ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 5 bis 3 Grad zréck, et sinn héchstens e puer eenzel Wolleken ënnerwee.