Bléck op de Weekend: Méi frëndlech a méi waarem

Net méi laang, dann ass dës Woch och scho rem gepackt! Iwwerdems déi sech oft vun hierer groer Säit gewisen huet, trëfft de Weekend no a no eng Besserung an.

De Verlaaf laut dem ICON-Modell (wxcharts.eu)

Et gëtt méi frëndlech

Ier eis um Weekend selwer rem no a no méi mëll Loftmassen ereechen, erwaart eis um Freiden en Iwwergangsdag. Et sinn ëmmer nach vill Wollécken ënnerwee, aus deenen et virun allem ab dem spéidere Virmëtte reene kann. D’Temperature leien um Moie bei 11 bis 15 Grad, am Virmëtte sinn et 13 bis 17 Grad. Am Verlaaf vum Mëtten a Nomëtte sinn d’Wollécken zwar nach do, ginn awer tendenziell a Richtung Owend ëmmer méi dënn ier se sech da ganz verzéien. De Risk vu Nidderschléi geet soumadde kontinuéierlech eroof. Et gi Maximaltemperature vu 14 bis 20 Grad ereecht. An der Nuecht si kaum Wollécken ënnerwee, virun allem am Norde kann et plaatzeweis op 3 Grad oder drënner ofkillen. Buedemfrascht ass méigleg.

Samsden, 08. September 2018

De Samsde starte mir scho vill méi frëndlech an den Dag eran wéi an de leschten Deeg. Zwar si moies nach plaatzeweis Niwwelfelder ze erwaarde, soss kënnt sech d’Sonn awer scho weisen. Et geet lass mat 4 Grad a verschiddenen Däller am Norde a Werter vun em 10 Grad an der südlecher Landeshalschend. Am Virmëtte léise sech déi entstaane Niwwelfelder no a no op an et gëtt séier méi waarem. Mëttes an am Nomëtten dekoréieren e puer kleng an harmlos Wollécken den Himmel, mat Reen ass net ze rechnen. Et gëtt en Temperaturmaximum vu 17 bis 20 Grad am Norden erwaart, am Süde klammen d’Werter plaatzeweis op 22 Grad. Um Owend ass et nach kaum wolléckeg, am Laaf vun der Nuecht zitt et awer e bessen zou. D’Temperature ginn op 13 bis 7 Grad zréck.

Sonndën, 09. September 2018

De Sonndën ass an de Moiesstonne verbreet mat Niwwelfelder ze rechnen. Et wärten awer och Plaatzen dobäi sinn, wou sech e Sonn- Wolléckemix duerchsetzt. Mir starte mat Temperature vu 6 bis 13 Grad ier dës Werter am Virmëtten op 15 bis 19 Grad eropklammen. Mëttes an am Nomëtten gëtt et emmer manner wolléckeg, soudass sech d’Sonn ëmmer besser weise komme kann. Well an Tëschenzäit rem méi waarem Loftmassen eragefloss sinn, klammen och eis Temperaturen hei ënnen. Et ass mat engem Maximum vun 18 bis 20 Grad am Norden ze rechnen, am Süde si Werter bis 23 Grad ze erwaarden, virun allem laanscht d’Musel kënnen des Werter iwwertraff ginn. Um Owend an an der Nuecht si kaum Wollécken ënnerwee, et geet eroof op 14 bis 6 Grad.