Bléck op de Weekend: Méi kill, mee och manner naass

De Weekend hëlt den Héichdrockafloss an eise Géigende rem zou. Et reent also net méi sou oft, allerdéngs ginn och d’Temperaturen e Stéck zréck. Buedemfrascht a glat Stroosse kënne rem plazeweis virkommen.

Temperature falen e Stéck

D’Woch iwwer louche mir méi oft méi ënnert dem Afloss vun Déifdrockgebitter wéi vun Héichdrockgebitter. Dowéinst ass et mat Temperature vu lokal iwwer 10 Grad och esou mëll gewiescht, zäitweis awer och gutt naass. De Weekend iwwer gerode mir kuerz rem méi ënner Héichdrockafloss. Dëst erméiglecht et, dass et an de Nuechte rem zu Frascht komme kann, dagsiwwer awer och zu méi sonnege Momenter. Déi eenzeg Viraussetzung dofir: De Niwwel muss sech opléisen.

Freiden, 10. Januar 2020

De Freidemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 6 a 9 Grad. Am Virmëtte bleiwen d’Temperaturen am selwechte Beräich, et reent weiderhin. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 6 bis 10 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass mat 35 km/h ze rechnen. De Reen gëtt e bësse méi rar, lokal Schauere kënnen awer nach virkommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis 1 Grad zréck, an den Däller och mol op 0 Grad. Buedemfrascht ass ze erwaarde, genee sou wéi d’Wahrscheinlechkeet vu glate Stroossen.

De Weekend vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 11. Januar 2020

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, eenzelne Modeller no awer och staark dréif duerch Niwwel. D’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad a klammen am Virmëtten op 2 bis 4 Grad erop. Mir hunn et rem mat der typescher Niwwel- Lotto- Situatioun ze dinn. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 4 bis 7 Grad areecht. Léist sech de Niwwel op, erwaart eis e frëndlechen Dag mat vill Sonn. Wa net, da bleift et wuel de ganzen Dag gro. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südweste mat Spëtzte vun 30 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis 1 Grad zréck, glat Stroosse si rem méiglech, genee wéi Niwwelfelder.

Sonnden, 12. Januar 2020

De Sonndemoien ass et eigentlech meeschtens frëndlech mat vill Sonn, de Niwwel huet do awer och nach e Wuert matzeschwätzen. D’Temperature leien d’Temperaturen tëscht 1 an 3 Grad a klammen am Virmëtten op 2 bis 5 Grad erop. De Niwwel- Lotto ass rem en Thema. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 8 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzte gi 35 km/h areecht. Spéitstens um Owend an an der Nuecht gëtt et aus nordwestleche Richtunge méi gro, wou och Niwwel mat dobäi wäert sinn. D’Temperature pendle sech tëscht 4 a 6 Grad an.