Bléck op de Weekend: Méi waarm, eenzel Schauere méiglech

Bis de Samsde mat huet ëmmer rem déiwe Loftdrock séng Fanger am Spill. Et gëtt zwar méi waarm, allerdéngs kann tëschenduerch eng Schauer oder och mol e Wieder net ausgeschloss ginn.


Temperature rem ëmmer méi am summerleche Beräich

D’Temperature klammen a nächster Zäit rem e Stéck, soudass se de Weekend op den éichte Plaze rem an de Summerberäich (Temp = 25 Grad) klammen. D’Onbestännegkeet aus der leschter Zäit gëtt awer leider och rem mat abezunn, déi réicht um Sonnde rem bëssen ofhuele soll.

Freiden, 14. Juni 2019

De Freidemoien ass et oft wolléckeg, et bleift awer meechtens drëchen. D’Temperature leien tëschen 11 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op 18 bis 23 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte si vill Wollécken ënnerwee, allerdéngs ka sech d’Sonn tëschenduerch weise kommen. D’Temperature packen et op Maximalwäerter vun 23 bis 26 Grad. De Wand bléist meechtens schwaach a just heiansdo méi spierbar an de Spëtzten aus Süden. Maximal ginn em 40 km/h gemooss. D’Wahrscheinlechkeet vun enger Schauer oder engem Donnerwieder ass nach zimmlech geréng. Um Owend mee haaptsächlech der Nuecht kann eis e gréissert Reegebitt erfaassen, wou et och mol méi kräfteg schëdde kann. D’Temperature ginn op 16 bis 12 Grad zréck, an der zweeter Nuetshalschend gëtt et méi drëchen.

GFS: Bis de Samsde nach e puer Schaueren, duerno méi drëchen (wxcharts.com)

Samsden, 15. Juni 2019

De Samsdemoien ass et oft wolléckeg, ausser Niwwel sollt et awer nach zu kenge Nidderschléi kommen. D’Temperature leien tësche 14 a 17 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 17 bis 21 Grad erop, et bleift oft bedeckt. Mëttes an am Nomëtte sinn aus Frankräich hier Schaueren an Donnerwieder ze erwaarden, d’Temperature klammen op Maximalwäerter vun 20 bis 23 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten, an de Spëtzte gi 35 km/h areecht. Bei engem Donnerwieder kann et ënner Ëmstänn driwwer goen. Vum Owend un verzéie sech d’Wollécke rem an an der Nuecht kann et bei 14 bis 8 Grad opklären.

Sonnden, 16. Juni 2019

De Sonndemoien ass et liicht wolléckeg, an den Däller ass mat Niwwelfelder ze rechnen. D’Temperature leien tëschen 11 a 16 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 16 bis 19 Grad erop, et komme méi Wollécken an d’Spill. Eicht ganz vereenzelt Schauere si net onméiglech. Mëttes an am Nomëtten ass mat engem Mix aus Sonn a Wollécken ze rechne, wou heiansdo tëschenduerch mol eng Schauer eroofkomme kann. Dës trieden awer just op lokaler Basis op, soudass et Flecke gi wärt, wou et drëche bleift. D’Temperature klammen op Maximalwäerter vu 19 bis 24 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten, an de Spëtzten ass mat 30 km/h ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 7 Grad zréck, et klärt op.