
Muer dréckt eis nach en Déif wat iwwer Island läit eng Kalfront eran, ier sech dann den héije Loftdrock bei eis duerchsetzt.
D’Grousswiederlag
De Moment dréint e grousst Déifdrockgebitt iwwer Island seng Kreeser a schéckt eis muer mol nach eng schwaach Kalfront op Lëtzebuerg. Do hannendrun gëtt Plaz gemaach fir en Héichdrockgebitt, wat elo schonn iwwert dem Südweste vun Europa an de Startlächer steet. Et wäert sech vum Freidenomëtten un bei eis breetmaachen.

Et muss een awer drun denken, dass mir nach Wanter hunn. Dat heescht, dass Héichdrock net onbedingt Sonn pur heescht. Mir mussen d’Rechnung och mam Niwwel maachen, deen sech leider net ëmmer wäert opgeléist kréien.
De Verlaf
Vum fréie Freidemoien un ass et schonn zimmlech bedeckt, aus der Belsch hier gëtt et och net besser. D’Temperature sinn awer am mëlle Beräich ënnerwee, tëscht 7 a 9 Grad wäerte gemooss ginn. Aus Weste kënnt d’Front mat Reen eran. Am Nomëtte gi nach eng Kéier kierz 8 bis 11 Grad erreecht, ier vum Owend dann déi méi kal Loftmassen antreffen. Et gëtt ëmmer manner naass, och Wollekelächer sinn bis an d’Nuecht eran ze erwaarden. Bis an de fréie Samsdemoien era sollen d’Temperaturen esou op tëscht -5 a -2 Grad falen.
E Samsde kënnt et ganz drop un, ob sech de Niwwel opgeléist kritt. Wa jo, erwaart eis e richteg frëndlechen Dag mat vill Sonn. D’Temperature starten zwar am méi déiwe Fraschtberäich, klammen am Nomëtten awer op e Maximum vun tëscht 3 a 6 Grad. Et bleift roueg. Änlech gëtt et och e Sonnden – d’Warscheinlechkeet, dass de Niwwel sech hält, schéngt awer e bësse méi grouss ze sinn. 5 bis 7 Grad ginn erreecht.