Bléck op de Weekend: Nach eng Kéier knapp 23°C, trotz Wolleke kaum Reen

De Weekend iwwer hu mir weiderhin d’Chance, dass mir net dauernd musse mam Prabbeli ronderëmlafen. Déi déck Jackett brauche mir iwweregens och net.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Am Laf vum spéidere Weekend mierke mir, dass d’Wieder amfong op der Kipp steet. Ier et awer esouwäit ass, versuergt eis héije Loftdrock, deen iwwert dem Mëttelmierraum läit, nach mat mëllen a meeschtens dréchene Loftmassen. De Géigespiller ass en Déifdrockkomplex, deen sech vun Island aus a Richtung Skandinavien verlagert. Nach gräift dëse net wierklech staark op eis aus.


Nach hu mir et mat héijem Loftdrock ze dinn | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Wéi mir mierken, ass et mëttlerweil (Stand: 11.04.2024 – 10:16) schonn e gutt Stéck méi wollekeg wéi et de Moie nach war. Et passéiert eis eng schwaach Kalfront, un där de Mëtten an och am Nomëtten awer just eng minimal Warscheinlechkeet vu geréngem Nidderschlag besteet.

Muer um Freide bleift et wollekeg, dotëscht weist sech heiansdo d’Sonn. Änlech wéi haut hält sech d’Warscheinlechkeet vu liichtem Nidderschlag a Grenzen, iwwerdeems eis Temperature klammen. Tëscht 16 a 19 Grad sinn dran. De Samsden zéie weiderhi vill Wolleken duerch, d’Chancen op e puer sonneg Momenter stinn awer e bësse besser. D’Temperature beweege sech op tëscht 19 an 23 Grad erop, et bleift dréchen. E Sonnden ass erëm eng schwaach Kalfront am Spill, un där et haaptsächlech a Richtung Owend zu enger liichter Schauerwarscheinlechkeet kënnt. Et ass ëmmer nach näischt groussflächeges oder besonnesch nennenswäerrtes. D’Temperature packen et op tëscht 14 an 20 Grad, et gëtt also schonn e klenge Réckgang ugedeit.

Vun de Reequantitéiten hier gesinn d’Modeller tëscht 0,1 bis lokal begrenzt 2 l/m² Reen op eis duerkommen. Grouss relevant ass en, wéi schonn gesot, also net.