Am Laf vum Samschde geréit en Tëschenhéich an eis Géigenden, wouduerch et fir eng kuerz Zäit manner naass an domat och méi frëndlech gëtt. An der Nuecht op e Sonnde muss ee sech awer méiglecherweis gutt apaken.
Advertisement
D’Grousswiederlag
E Freide leie mir ëmmer nach staark ënnert dem Afloss vun engem Déifdrockkomplex, deen sech vum skandinavesche Raum bis erof an eis Géigenden erstreckt. Am Laf vum Samschde kënnt vum Atlantik hier awer en Héichdrockgebitt eran a wäert sech viraussiichtlech bis an de Sonndenowend era méi oder manner bei eis duerchsetzen, ier um fréie Méinden dat nächst Déif mat Wand a Reen eragezu kënnt.
Dëst Héich hëlleft awer och dobäi, dass kuerzzäiteg däitlech méi kill Loftmassen eragefloss kommen. E Sonndemoie fréi ass déi eng oder aner fraschteg Situatioun net ausgeschloss.
De Verlaf
E Freide sinn ëmmer nach vill Wolleken ënnerwee, an awer ka sech d’Sonn dotëscht och mol kuerz weise kommen. Et ass weiderhi mat Schaueren ze rechnen, déi punktuell mat enger klenger Warscheinlechkeet och mol méi kräfteg kéinte ginn. Am Laf vum Owend geet d’Warscheinlechkeet vu Schauere no a no zréck, wat awer net heescht, dass et mat direkter Wierkung dréche bleift. D’Temperature packen et am Dag op 11° bis 16°C, an der Nuecht op e Samschde sinn et nach 6° bis 10°C.
E Samschde gëtt et, wat den Dag méi spéit gëtt, ëmmer méi roueg a frëndlech – wat um Héichdrockgebitt läit, wat mir virdrun ugeschwat hunn. Bis spéitstens an de Nomëtten era kënnen awer nach ganz vereenzelt a lokal schwaach Schauere virkommen. Vum Owend u kläert den Himmel séier op, wat och an der Nuecht esou bleift. Ënnert engem kloren Himmel kënne Minimaltemperature vun tëscht -1 a 4°C optrieden, besonnesch an den Däller am Norden (Buedemfrascht méiglech). Am Dag gouf nach e Maximum vun 10 bis 13°C erreecht.
E Sonnde starte mir frëndlech a kal an den Dag eran, et ass awer och mat Niwwelfelder ze rechnen. Haaptsächlech am Laf vum Nomëtte gëtt et ëmmer méi wollekeg, mee et sollt nach dréche bleiwen. D’Temperature packen et, Stand aktuell, op 10 bis 14°C. An der Nuecht op e Méinde kënnen aus Westen erëm Nidderschléi op d’Land iwwergräifen.