Bléck op de Weekend: Net vill Reen, plazeweis summerlech Temperaturen

De Weekend iwwer bleift et onbestänneg. Stabilt Summerwieder erwaart eis keent, wat awer net heescht, dass et net fir méi frëndlech Momenter duergoe kann.

Am Laf vum Weekend méi waarm

Um Freide leie mir nach ënnert dem Afloss vu méi kille Loftmassen, ier um Samsden an och um Sonnde rem méi waarm Loftmassen an eis Géigenden transportéiert ginn.

leschten Update: 02. Juli 2020 – 21:54 Auer

Freiden, 03. Juli 2020

De Freidemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 19 Grad erop. Mir halen de Sonn- Wollekemix bei eis an et bleift dréchen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 19 bis 23 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Reen ass keen ze erwaarden, d’Sonn kënnt sech tëscht de Wolleke weisen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 10 Grad zréck, réischt a Richtung fréie Samsdemoien ass mat méi Wolleken ze rechnen.

Samsden, 04. Juli 2020

De Samsdemoien zéie séier méi déck Wolleken an d’Land eran, d’Temperature leien tëscht 13 a 15 Grad. Trotz de ville Wolleke sollt et net reenen, dat selwecht gëlt fir de Virmëtten. D’Temperature klammen op 17 bis 20 Grad erop a packen et um Mëtten an am Nomëtten op 21 bis lokal 26 Grad. Nëmme mat vill Chance ka sech d’Sonn mol tëscht de ville Wolleke weise kommen. Bis an de spéidere Nomëtten era sollt et mol nach dréche bleiwen, de Wand bléist zäitweis spierbar bis méisseg aus Südwesten. An de Spëtzte gi 45 km/h areecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 18 bis 15 Grad zréck, liichte Reen mécht sech breet.

Sonnden, 05. Juli 2020

De Sonndemoien ass et meeschtens wollekeg, et ass mat liichte Nidderschléi a Form vu Reen ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 16 a 19 Grad a klammen am Virmëtten op 18 bis 23 Grad erop. Et bleift meeschtens wollekeg, et sollt awer gréisstendeels dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 21 bis 26 Grad areecht, de Wand bléist zäitweis méisseg aus West- Südwesten. An de Spëtzte packt en et op 50 km/h. Tëscht de méi décke Wolleke ka sech d’Sonn heiansdo weise komme, Schauere komme just nach ganz vereenzelt vir. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 16 bis 12 Grad zréck, d’Schauerwarscheinlechkeet geet an der zweeter Nuetshallschent rem e bëssen an d’Luucht.