Bléck op de Weekend: No a no manner wanterlech

De Weekend iwwer gerode mir no a no ëmmer méi ënnert eng südwestlech Stréimung. Et gëtt net nëmme méi mëll, mee och méi naass.

fir d’lescht aktualiséiert: Freiden, 11. Dezember 2020

Déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik, héije Loftdrock iwwert dem Oste vum Kontinent – dat ass d’Opstellung fir déi nächst Woch. Mee och schonn dëse Weekend mierkt ee schonn lues a lues, dass eng Ännerung bei eis ukënnt.

Freiden, 11. November 2020

De Freidemoien ass et staark bedeckt, aus Weste komme Nidderschléi an d’Land eragezunn. D’Temperature leie bei eis hei ënnen tëscht -2 an 2 Grad, oft ass de Buedem nach gefruer oder et kënnt esouguer nach zu Loftfrascht. D’Nidderschléi sollen awer gréisstendeels als Reen oder Schnéireen fale, wouduerch déi sech um gefruerene Buedem festsetze kënnen. D’Resultat: de Risk vu glate Stroossen duerch Glëtz. Op de Koppe kann och nach e bësse Schnéi dobäi sinn, ier och dësen ëmmer méi a Reen iwwergeet. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op 0 bis 3 Grad erop, et bleift naass mee de Risk vu glate Stroosse geet a klenge Schrëtt zréck. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 2 bis 6 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus südleche Richtungen. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et reent weider. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 3 a 6 Grad an, de Reen bleift eis erhalen.


Spéitstens de Sonnde mécht sech déi waarm Loft bemierkbar | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 12. November 2020

De Samsdemoien ass et staark bedeckt a fiicht duerch Niwwel wéi awer och duerch Fisemreen. D’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et bleift gro a naass. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 6 bis 8 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzte packt en et op 20 km/h. Et sinn ëmmer nach vill Wolleken ënnerwee, et reent virun. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 4 a 7 Grad an, mir hunn et ëmmer nach mat Reen ze dinn.

Sonnden, 13. November 2020

De Sonndemoien ass et erëm meeschtens gro an et kënnt zu liichte Nidderschléi, d’Temperature leien tëscht 3 a 7 Grad a klammen am Virmëtten erëm net all ze wäit. Den Himmel bleift bedeckt an et kann ëmmer nach zu Fisemreen resp. liichte Reeschauere kommen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 8 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Déi vill Wolleke bleiwen, mee et gëtt manner naass. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 3 Grad zréck, et bleift fir eng Zäit dréchen.