Bléck op de Weekend: Oft gro a naass

De Weekend läit e markant Stuermdéif iwwert de briteschen Inselen, wat eis e ganze Koup déck Wollécken an och Schaueren op Lëtzebuerg schécke wäert.

Naass, mee net wierklech kaal

D’Stuermdéif bréngt eis zwar Reen, mee awer och fir eng kuerz Zäit rem méi mëll Loftmassen. Sou kann et de Sonnde beispillsweis rem bis zu 25 Grad waarm ginn, ier et rem zu engem Réckgang komme wäert.

Freiden, 16. August 2019

De Freidemoien ass et liicht wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 12 a 15 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 16 bis 19 Grad erop, et gëtt méi wolléckeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 20 bis 25 Grad areecht, de Wand bléist ëmmer nach zäitweis spierbar aus Südwesten. An de Spëtzte gi 35 km/h areecht. D’Sonn deelt sech den Himmel mat e puer Wollécken. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 17 bis 11 Grad zréck, den Himmel zitt ëmmer méi zou. De Reen léisst awer nach op sech waarden.

Stuermdéif lenkt naass, mee och mëll Loftmassen op Mëtteleuropa (ICON, wxcharts.com)

Samsden, 17. August 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, et bleift awer gréisstendeels drëchen. D’Temperature leien tëschen 12 an 18 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 16 bis 19 Grad erop, Reen gëtt ëmmer méi wahrscheinlech. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 18 bis 22 Grad areecht, den Himmel ass staark bedeckt. Et ass mat Reen ze rechnen, deen demno wéi och méi lang unhale kann. De Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südwesten, an de Spëtzte gi 40 km/h areecht. Um Owend an an der Nuecht reent et weider, d’Temperature ginn op 18 bis 15 Grad zréck.

Sonnden, 18. August 2019

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent. D’Temperature leien tësche 16 a 19 Grad a klammen am Virmëtten op 17 bis 22 Grad erop. D’Wollécke bleiwe bei eis, et reent weider. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 18 bis 25 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzte gi 55 km/h areecht. Trotz ville Wollécke gëtt et ëmmer méi drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 7 Grad zréck, et ginn ëmmer méi kloer Momenter.