Bléck op de Weekend: Ongemittlech duerch Reen a Wand

Déiwe Loftdrock huet de Weekend fir sech reservéiert. Et ka net nëmme reenen, mee virun allem de Wand wäert no enger méi laanger Zäit mol rem spierbar ginn. Och eng méi stiermesch Phase ass an der Nuecht vum Sonnden op de Méinde net auszeschléissen.

Um Atlantik ass vill lass

Kuckt een op d’Modellkaarte fir den Atlantik, da gesäit een, dass d’Hierschtstuermsaison voll am gaangen ass. Begënschtegt gëtt dës och duerch vill Ex- Tropestierm- an Hurrikanen, déi et duerch d’Grousswiederlag alt och mol op eis Wiederkaarten an demno wéi och an eist Wiedergeschéie packen.

Bis an den Oktober eran ass mat variablem Wieder ze rechnen. Duerch de präsenten Jetstream rauscht dat engt Déif nom aneren duerch. D’Resultat: Vill Wolleken, zäitweis Reen, spierbare Wand mee tëschenduerch och mol méi frëndlech Momenter. Dëse Weekend kréie mir et och schon domat ze dinn.

Freiden, 27. September 2019

De Freidemoien ass et staark bedeckt an et ass mat Reen ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 12 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op 14 bis 17 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 16 bis 20 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Südwesten. An de Spëtzte kënne 45 km/h areecht ginn. Et zéie weiderhi vill Wolleken duerch, allerdéngs reent et just nach vereenzelt. Um Owend an an der Nuecht sollt et och meeschtens drëche bleiwen, d’Temperature ginn op 13 bis 10 Grad zréck. D’Schauerwahrscheinlechkeet ass nëmme nach kleng.

Samsden, 28. September 2019

De Samsdemoien ass et meeschtens bedeckt, reenen deet et awer just vereenzelt, wann iwwerhaapt. D’Temperature leien tëscht 10 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 12 bis 16 Grad erop. Et gëtt ëmmer méi gro, mee naass gi sollt et just vereenzelt. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 15 bis 19 Grad ze rechnen, de Wand bléist spierbar aus Südwesten. An de Spëtzte packt en et op 45 km/h. Et bleift meeschtens drëchen, mat Chance weist sech d’Sonn och tëschenduerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 9 Grad zréck. aus Nordweste gëtt et séier méi gro, mee et bleift nach drëchen.

Sonnden, 29. September 2019

De Sonndemoien ass et meeschtens wollekeg, mat Chance kënnt sech d’Sonn nach kuerz weisen. D’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 13 bis 16 Grad erop, et gëtt ëmmer méi gro. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 14 bis 19 Grad ze rechnen, de Wand bléist staark aus Südwesten. Virun allem am spéidere Nomëtte kënne Spëtzte vun iwwer 75 km/h dobäi sinn. Um Owend an an der Nuecht bleift et lëfteg bis stiermesch, d’Temperature ginn op 11 bis 8 Grad zréck, et reent just nach vereenzelt. Et ass awer staark bedeckt.