UPDATE vum Bléck op de Weekend: Op mannst an de Nuechte rem Frascht a glat Stroossen ze erwaarden

De Weekend fléisse rem kill Loftmassen iwwert eise Käpp an. Haaptsächlech an de fréie Moiesstonnen an och an de Nuechte besteet rem de Risk vu glate Stroossen.

Rem e gutt Stéck méi kill

De Weekend iwwer gëtt et rem spierbar méi kill. De Grond: duerch en Héich nërdlech vun de briteschen Inselen an den Ex-Tropestuerm SEBASTIEN, dee mat séngem Kär vun Dänemark hier weider a Richtung Osten zitt, gi polar Loftmassen an eis Géigende gedréckt.

Freiden, 29. November 2019

De Freidemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 4 an 8 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter net vill méi wäit, et bleift mol nach gro an ongemittlech. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 9 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass mat 30 km/h ze rechnen. Et gëtt ëmmer méi drëchen a mat ganz vill Chance kënnt sech d’Sonn am spéidere Nomëtte nach kuerz weisen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 0 bis -4 Grad zréck, et ass mat Frascht a lokal glate Stroossen ze rechnen.

Kill Loftmasse beweege sech op eis duer (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 30. November 2019

De Samsdemoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, Niwwelfelder kënnen awer och dobäi sinn. D’Temperature leien tëscht -4 a 0 Grad, glat Stroosse si weiderhi méiglech. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 0 bis 2 Grad erop, wann de Niwwel sech séier genuch opléist sollt sech d’Sonn ouni gréisser Problemer breet maache kënnen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 3 bis 7 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Ost- Nordosten. An de Spëtzte si 25 km/h ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 1 bis -1 Grad zréck, et gëtt méi gro. Dëst kann awer demno wéi méi u Niwwel leie wéi u Wolleken.

Sonnden, 01. Dezember 2019

De Sonndemoien ass et meeschtens gro, oft duerch Niwwel. D’Temperature leien tëscht -2 an 2 Grad a klammen am Virmëtten op -1 bis 3 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte pendle se sech tëscht -1 an 3 Grad an, se bleiwen also d’selwecht. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Ost- Nordosten, an de Spëtzten ass e mat 30 km/h dobäi. D’Wolleke begleeden eis de ganzen Dag iwwer, am spéidere Nomëtte kéint fläit déi eng oder aner Schnéiflack net ausgeschloss ginn. Meeschtens bleift et awer drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 1 bis -1 Grad zréck, meeschtens kläert et op. D’Wahrscheinlechkeet vu glate Stroosse geet rem an d’Luucht.