
De Weekend iwwer leie mir primär ënner Héichdrockafloss, deen just deelweis vun Déifdrockausleefer ka gekontert ginn. Mir leien och um Rand vu polare Loftmassen, duerch déi et an de Moiesstonne méi spatz ka ginn.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Wéi am Artikel vu gëschter beschriwwe, läit Lëtzebuerg an de nächsten Deeg um westleche Rand vun engem “Arctic Outbreak”, deen säin Intensitéitsmaximum iwwer Russland erreecht – also relativ wäit fort vun eis. Méi markant wéi zu Lëtzebuerg wäert d’Keelt och am Nordosten a Südoste vun Däitschland ze spiere sinn, wou Minimalwäerter vun tëscht -10 a -20 Grad méiglech sinn.

Mir leie gréisstendeels ënnert dem Afloss vun engem Héichdrockgebitt, wat an der Nuecht op e Samschde mat sengem Kär iwwert dem Südoste vun Däitschland wäert leien. Bis e Sonndenowend wandert dëst Déif an Tschechie virun a forméiert mat engem weidere Kär iwwert der Nordséi eng Héichdrockbréck, tëscht där just heiansdo mol e klenge Fénkche vun enger minimaler Déifdrockstéierung kéint optrieden. Den Effekt ass iwwerkuckbar.
De Verlaf
Muer um Freiden hu mir et engersäits mat Wolleken ze dinn, anerersäits awer och mat Niwwelfelder. Léise sech dës Felder op, da ka sech d’Sonn tëscht de Wolleke weise kommen. Egal wéi et kënnt, nennenswäerte Reen ass net dobäi. Sollt sech de Niwwel duerchsetze, wier allerhéchstens mat geréngem Gefisems ze rechnen. Et gi Maximalwäerter vun tëscht 1 a 4 Grad ugepeilt, ganz am äussere Norde kéint et punktuell manner ginn. Dat alles, nodeems mir an de Moiesstonne nach tëscht -5 a -1 Grad louchen.
E Samschde kënne mir et zumools an der éischter Dageshallschent mat e puer sonnege Momenter ze di kréie, wann de Niwwel dat zouléisst. Duerno komme méi Wolleken an d’Spill, déi der Sonn e Stréch duerch d’Rechnung kënne maachen. An de Moiesstonne leien d’Wäerter erëm tëscht -5 a -1 Grad, den Dagesmaximum läit tëscht 2 a 4 Grad – laanscht Musel sinn och 5 Grad net ausgeschloss. E Sonnde kann den Himmel am Laf vun de Stonnen oplackeren, da kënnt d’Sonn och mol eraus. No -4 bis 0 Grad um fréie Moie packe mir et am Nomëtte viraussiichtlech op tëscht 2 a 5 Grad.