Bléck op de Weekend: Rouëgt Wanterwieder a Siicht

De Weekend wärt de Wanter eist Ländche voll am Grëff hunn. Et ass zwar kaum Schnéi ze erwaarden, kaal ass et awer ëmmerhin – zumools an de Nuechten.

Tëschenduerch Sonn

De Weekend sti mir ënner liichtem Héichdrockafloss, waat rouëgt a kaalt Wanterwieder op Lëtzebuerg lenkt. Oft ass mat engem Mix aus Sonn a Wollécken ze rechnen, nëmme ganz vereenzelt kënnt och mol eppes wäisses gefall. D’Quantitéite sinn awer weiderhi net wierklech nennenswert.

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, méi déck Niwwelfelder si lokal awer nach méigleg. D’Temperature leien tësche -3 a 0 Grad, glaat Stroosse kënnen also weiderhi virkommen. Am Virmëtte klammen dës Werter op -2 bis 1 Grad erop, de Niwwel sollt sech lues a lues ëmmer méi opléisen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu -1 bis 2 Grad ereecht, de Wand bléist schwaach aus Westen. An de Spëtzte ginn 20 km/h ereecht. Et gëtt zwar e bësse méi wolléckeg, sonnëg Momenter sinn awer ëmmer nach méigleg. Et sollt drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op -1 bis -4 Grad zréck, mir hunn et mat Niwwel an e puer Wollécken ze dinn. Glaat Stroosse si rem méigleg.

Wiederprognos vir de Samsden, 19. Januar 2019

De Samsdemoie hu mir et mat enger Partie Niwwelfelder ze dinn, d’Temperature leien tësche -6 a -3 Grad. Glaat Stroosse si méigleg. Am Virmëtte klammen dës Werter op -3 bis 0 Grad erop, de Niwwel léist sech nëmme schwéier op. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu -1 bis 3 Grad ereecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Ost-Südosten. An de Spëtzte ginn 30 km/h ereecht. D’Sonn kënnt sech bei e puer wéinege Wollécke wiesen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 0 bis -3 Grad zréck, et gett e bësse méi wolléckeg mee et bleift drëchen. Glaat Stroosse kënnen awer rem virkommen.

Wiederprognos vir de Sonndën, 20. Januar 2019

De Sonndemoien ass et meechtens bedeckt, d’Temperature leien tësche -3 an 1 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter net méi wäit, et bleift bedeckt. Mëttes an am Nomëtte kritt sech mat Chance d’Sonn duerchgedréckt, d’Temperature klammen op e Maximum vu -1 bis 3 Grad. De Wand bléist schwaach aus Südosten, an de Spëtzte ginn 20 km/h ereecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 1 bis -3 Grad zréck, glaat Stroosse si méigleg. Et bleift drëchen.