Bléck op de Weekend: Schmeier-waarm an zäitweis spierbare Wand

Virun allem an der éischter Halschend vum Weekend wärte rem méi waarm Loftmassen iwwert eise Käpp aktiv sinn. Dat duerch e Stuermdéif, wat mat séngem Kär iwwert déi britesch Inselen ewechzéie wärt.

Zäitweis mol eng Schauer & lëfteg

Trotz de klammenden Temperature wärt et awer och där méi groer Momenter ginn. Zäitweis, an haaptsächlech just enk begrenzt, ass och mol eng Schauer oder e Wieder net auszeschléissen. De Wand ka virun allem de Samsden e klengt Thema ginn, well e Stuermdéif iwwert de briteschen Inselen an och der Nordséi wärt aktiv sinn.

Freiden, 09. August 2019

De Freidemoien ass et liicht wolléckeg, d’Temperature leien tësche 14 an 18 Grad. Am Süde kënne lokal scho bis zu 20 Grad gemooss ginn. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 22 bis 26 Grad erop, et gëtt ëmmer méi gro a méi schmeier. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 26 bis 32 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Am spéidere Nomëtte besteet d’Wahrscheinlechkeet vun dem engen oder anere Wieder, wat och mol méi kräfteg ausfaalen a vu Staarkreen souwéi Stuermstéiss begleet kéint ginn. Um Owend besteet nach d’Wahrscheinlechkeet vun enger eenzelner Schauer oder engem eenzelne Wieder, an der Nuecht sollt et bei 18 bis 11 Grad awer drëche bleiwen.

E Stuermdéif schëppt kuerzzäiteg waarm Loftmassen op Lëtzebuerg (GFS / wxcharts.com)

Samsden, 10. August 2019

De Samsdemoien ass et liicht wolléckeg, d’Temperature leien tësche 14 a 19 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 19 bis 22 Grad erop, et besteet just eng geréng Schauerwahrscheinlechkeet. Mëttes an am Nomëtte gi Maximalwäerter vun 22 bis 27 Grad gemooss, de Wand areecht méisseg staark Spëtzte vu bis zu 60 km/h aus West-Südwesten. Et bleift mol nach bedeckt, dat bei enger klenger Méiglechkeet vu Schaueren. Am Laf vum Owend a vun der Nuecht sollt et bei 16 bis 7 Grad drëche bleiwen.

Sonnden, 11. August 2019

De Sonndemoien ass et liicht wolléckeg, plaazeweis souguer kloer. D’Temperature leien tëschen 10 a 17 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 18 bis 22 Grad erop, et zéien eenzel Wollécken an d’Land eran. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 21 bis 25 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Weste mat Spëtzte vu 35 km/h. Et ass mat Reen ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht gëtt et ëmmer méi drëche, wolléckeg bleift et awer. D’Temperature ginn op 15 bis 10 Grad zréck.