Bléck op de Weekend: Sonn an e puer harmlos Wolleken am Wiessel

De Weekend gräift en Héichdrockgebitt op Mëtteleuropa iwwer. De Reen bleift also weiderhi rar an d’Sonn kënnt sech besser weisen.

Temperature klamme, Reen raren Artikel

Duerch d’Duerchsetze vun engem Héichdrockgebitt ass de Weekend iwwer mat rouegem a frëndlechem Wieder ze rechnen. Reene wäert et éischter net an och eis Temperature beweege sech rem an den 20 Grad-Beräich.

Freiden, 15. Mee 2020

De Freidemoien ass den Himmel meeschtens kloer, d’Sonn ass um RDV. D’Temperature leien tëscht 2 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op 9 bis 12 Grad erop. Et bleift frëndlech. Mëttes an am Nomëtten ass mat kenger gréisserer Ännerung ze rechnen, d’Sonn bleift bei eis. D’Temperaturen areechen e Maximum vun 13 bis 18 Grad. De Wand bléist meeschtens schwaach, just zäitweis ass en duerch Spëtzte vu 40 km/h méi spierbar aus Nord- Nordosten ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht bleift den Himmel kloer, d’Temperature ginn op 6 bis 3 Grad zréck.

Video vum 14. Mee 2020

Samsden, 16. Mee 2020

De Samsdemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëscht 6 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op 10 bis 14 Grad erop. Et bleift sonneg a frëndlech. Mëttes an am Nomëtten zéie just e puer harmlos a kleng Wolleken duerch, d’Sonn gesäit een ëmmer nach. D’Temperature packen et op e Maximum vu 15 bis 20 Grad, de Wand bléist liicht spierbar aus Norden. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Um Owend an an der Nuecht gëtt et rem manner wollekeg, d’Temperature falen op 8 bis 5 Grad.

Sonnden, 17. Mee 2020

De Sonndemoien ass et meeschtens kloer, d’Temperature leien tëscht 7 a 9 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 12 bis 15 Grad erop, et zéien e puer harmlos Wolleken duerch. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 17 bis 22 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nord- Nordwesten. D’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 11 bis 7 Grad zréck, bis op e puer eenzel Wolleken ass keng Ännerung ze erwaarden.