Bléck op de Weekend: Sonn, Niwwel a kaal

Et ass rem Donnëschden a soumadden Zäit, e Bléck op de Weekend ze geheien. Et gëtt, daat sief scho mol direkt gesoot, méi kill.

Héichdrock suergt vir Niwwel-Lotto

Zanter Mëtt der Woch sti mir rem ënner méi staarkem Héichdrockafloss, wouduerch et engersäits rem kaum reene wärt zu Lëtzebuerg. Et ass déi meecht Zäit sonnëg, wann de Niwwel da net wier. Dëse weist sech an de leschten Deeg vu sénger zéier Säit a bréngt de sougenannte “Niwwel-Lotto” mat sëch. Ënnert de Meteorologen a Wiederinteresséierten heecht dëst, dass et net kloer ass, ob sech de Niwwel am Laaf vum Moie séier genuch opgeléist kritt oder net – dëst kann tësche groem a schéi sonnëgem Wieder entscheeden. Et ass einfach e Phänomen, dee ville Wiederdéngschter Problemer bereet beim Erstelle vun enger Prognos.

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, et wärten awer och rem déck Niwwelfelder ze erwaarde sinn. D’Temperature leien zwëschen 1 a 4 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 2 bis 6 Grad erop, wa sech de Niwwel opléist ass mat vill Sonn ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte klammen d’Temperaturen op Maximalwerter vun 8 bis 12 Grad, de Wand bléist schwaach aus Osten a packt et op 15 km/h an de Spëtzten. E bloen Himmel a Sonn kréie mir just ze gesinn, wann de Niwwel net ze zéi ass an e sech ouni gréisser Problemer opléise kann. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -2 Grad zréck an et klärt gréisstendeels op. Niwwelfelder sinn awer rem net auszeschléissen.

Samsden, 17. November 2018

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, méiglegerweis rem mat vill Niwwel verbonnen. D’Temperature leien zwësche -2 an 2 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 2 bis 5 Grad erop, mat Chance léist sech de Niwwel séier op an d’Sonn kënnt eraus. Mëttes an am Nomëtten sollt et op den allermeechte Plaatze schéi sonnëg sinn bei engem bloen Himmel, mee daat hänkt weiderhin vun eisem Niwwel of. D’Temperature packen et op 7 bis 10 Grad, de Wand bléist schwaach aus Oste mat 25 km/h an de Spëtzten. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 1 bis -4 Grad zréck, an eenzelnen Däller souguer op -7 Grad.

Sonndën, 18. November 2018

De Sonndëmoien ass et liicht wolléckeg, d’Temperature leien zwësche -5 a 0 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 2 bis 5 Grad erop, falls Niwwel entstaanen ass, sollt sech dëse lues a lues opléisen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximalwerter vu 5 bis 8 Grad ereecht, de Wand bléist frësch aus Osten an ereecht 50 km/h an de Spëtzten. Wann de Niwwel net ze zéi war, schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 1 bis -2 Grad zréck, et gëtt am Laaf vun der Zäit nëmme lues a lues méi wolléckeg.