Bléck op de Weekend: Sonn, Wollécken a Niwwel am Wiessel

De leschte Weekend vun dësem Joer steet un a wärt souguer liicht iwwerduerchschnëttlech waarem ausfaalen. Vu Schnéi ass keng Spur.

Ufanks nach Frascht, duerno liicht ze waarem

Bis Enn 2018 wärt et wuel kaum nach zu nennenswerte Nidderschlagsquantitéite kommen, Schnéi ass iwwrëgens och keen a Siicht.

De Freidemoien ass et gro, daat meechtens duerch Niwwel. D’Temperature leien zwësche -8 a -5 Grad an den Däller, soss hu mir et mat -4 bis -1 Grad ze dinn. Glaat Stroosse si plaatzeweis méigleg. Am Virmëtte klammen dës Werter op -2 bis 0 Grad erop, de Niwwel verzitt sech lues a lues. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 1 bis 3 Grad ereecht, de Wand bléist nëmme schwaach aus Südwesten. An de Spëtzte si just 20 km/h ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis 0 Grad zréck, et gëtt also bei wäitem net méi sou kill wéi elo an de leschte Nuechten. Glaat Stroosse kënnen trotzdem awer mol nach virkommen.

Samsden, 29. Dezember 2018

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien zwëschen 1 an 3 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter net méi wäit, se bleiwen am selwechte Beräich. Mëttes an am Nomëtte gëtt et no a no méi gro, d’Temperature bleiwe bei 4 bis 6 Grad am vergläichsweis mëlle Beräich. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten, an de Spëtzte kréie mir et mat 30 km/h ze dinn. Um Owend an an der Nuecht zitt et ëmmer méi zou, et ass mat Fisemreen ze rechnen. D’Temperature klammen op 5 bis 7 Grad erop.

Sonndën, 30. Dezember 2018

De Sonndëmoien ass et meechtens bedeckt a gro duerch Niwwel, d’Temperature leien zwësche 5 a 7 Grad. Am Virmëtte bleiwen dës Werter am selwechte Beräich, et ass ëmmer nach meechtens gro. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 7 bis 9 Grad ereecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Westen. An de Spëtzte wärten 30 km/h ereecht ginn. Ab dem spéidere Nomëtte gëtt et manner gro, d’Sonn ka sech also vir eng Zäit weise kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 8 bis 6 Grad zréck, Opklärunge si méigleg.