Bléck op de Weekend: Spéitsummerlech, mee lokal Schliet net onméiglech

No de punktuellen Donnerwieder vun de Moien, déi deels och e bësse méi kräfteg ausgefall sinn, bleift och fir de Weekend eng kleng Warscheinlechkeet dofir iwwereg.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer wandert een vun den Héichdrockkären, deen eist Wieder beaflosst, vun de britteschen Inselen aus an de skandinavesche Raum. Zwar dréckt weideren Héichdrockafloss aus dem Alperaum no, an awer probéiert och mol déiwe Loftdrock aus Südwesteuropa op eis iwwerzegräifen.


De viraussiichtleche Verlaf vum Weekend laut ECMWF-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Aus dem Mëttelmierraum ginn héichsummerlech Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt, déi awer och schmeier sinn. Dohier kann eng punktuell Schauer oder och mol en Donnerwieder weiderhi net ausgeschloss ginn.

De Verlaf

Muer um Samsde gi mir d’Wolleken zwar net lass, mee d’Sonn ass och ze gesinn. Dat ännert awer näischt drun, dass ëmmer nach eng kleng Warscheinlechkeet vu punktuelle Nidderschléi besteet – dat kënne Schaueren mee och Dimmere sinn. Normalerweis sinn se awer just eng Ausnam. D’Temperature klammen op 25 bis 31 Grad. E Sonnde soll et den aktuelle Modellrechnunge no en Tick manner wollekeg ginn, d’Sonn weist sech also méi laang. D’Warscheinlechkeet vun engem Schluet ass net null, mee viraussiichtlech manner héich wéi e Samschden. Et ass mat 28 bis 32 Grad ze rechnen.

E Méinden, virun allem fir déi spéit Stonne vum Nomëtten, gesäit et aus aktueller Siicht gesinn no enger méi héijer Warscheinlechkeet fir Donnerwieder aus. D’Détailer bleiwen awer nach ofzewaarden, iwwerdeems d’Temperature nach eng Kéier knapp iwwer 30 Grad sollen erreechen. Och an den Deeg drop ginn dës Zenarien ugedeit.

D’Prognose fannt Dir am Détail op der Prognosesäit.