Bléck op de Weekend: Stuerm um Samsden, kleng Schnéiwarscheinlechkeet

De Weekend iwwer leie mir ënner Déifdrockafloss. Besonnesch um Samsde gëtt et duerch e weidert Stuermfeld immens ongemittlech.

Stuermgefor hëlt vum Méinden un of

De Weekend iwwer bleift et lefteg zu Lëtzebuerg, haaptsächlech muer um Samsden ass erëm mat Stuermstéiss ze rechnen.

Freiden, 12. Mäerz 2021

De Freidemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 2 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op 3 bis 7 Grad erop. D’Wolleke bleiwen, bis op liicht Gefisems sollt et awer dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 6 an 10 Grad ze erwaarden, de Wand bléist stramm aus Südwesten. An de Spëtzte packt en et op bis zu 60 km/h. Et bleift nach gréisstendeels dréchen, eréischt vum spéidere Nomëtten/fréien Owend u geet d’Reewarscheinlechkeet eréischt richteg an d’Luucht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 7 Grad zréck, et reent ëmmer erëm.


De Verlaf vum Weekend vun uewe gekuckt | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 13. Mäerz 2021

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 4 a 7 Grad. De Wand ass schonn spierbar ënnerwee a packt et an de Spëtzten op bis zu 75 km/h. Am Virmëtte gëtt e méi staark, Spëtzte vu 85 km/h si méiglech. A Richtung fréie Mëtte gëtt de Maximum areecht, et si Stuermstéiss vun tëscht 70 a 90 km/h ze erwaarden. Op exponéierte Plazen an och wärend méi staarke Schauere kënne Spëtzte vun ëm 100 km/h net ganz ausgeschloss ginn. Mëttes an am Nomëtte bleift et naass, am Fall vun enger méi staarker Schauer kënne kleng Knëppelsteng an och eenzel Flacken op de Koppen dobäi sinn. Et gi Maximaltemperature vun tëscht 5 a 9 Grad areecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 a 4 Grad zréck, et gëtt no a no méi dréchen a manner wollekeg.

Sonnden, 14. Mäerz 2021

Um Sonndemoien ass et meeschtens gro, d’Temperature leien tëscht 1 a 4 Grad. Op de Koppe si Schnéischauere méiglech. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op 3 bis 6 Grad erop, et bleift éischter naass. Op de Koppe kann et weiderhin zu Flacke komme, soss ass et meeschtens Reen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 5 a 9 Grad areecht, de Wand bléist ëmmer nach stramm aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 50 km/h ënnerwee. De Schnéi geet elo och op de Koppen a Reen iwwer. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 5 Grad zréck, op de Koppe gëtt de Reen erëm zu Schnéireen resp. Schnéi.