Bléck op de Weekend: Summerlech Temperature, mee schmeier inkl. Wiederrisk

De Weekend komme waarm Loftmassen aus dem Osten an eis Géigende gezunn, déi awer zur selwechter Zäit mat fiichte Loftmasse vermëscht ginn, déi duerch en Déif op Lëtzebuerg gelenkt ginn.

Fiichtwaarm Loftmassen: Donnerwiederrisk klëmmt

Duerch en Héich iwwer Finnland an en Déif knapp westlech vu Frankräich gi fiichtwaarm Loftmassen op Mëtteleuropa gedroen. Haaptsächlech iwwer Däitschland entsteet e Gebitt, an deem sech deels méi kräfteg Schaueren a Wiedere forméiere kënnen. Duerch e nëmme schwaachen Héichtewand beweege sech d’Zelle, wa se dann entstinn, net all ze séier vu Plaz. Dëst kann a gréissere Reenzommen a kuerzer Zäit an doduerch och eventuellen Iwwerschwemmunge resultéieren. Wéi wäit dës Aktivitéit op Lëtzebuerg iwwergräife ka, muss awer ofgewaart ginn.

Freiden, 12. Juni 2020

De Freidemoien ass et meeschtens wollekeg, et sollt awer nach gréisstendeels dréche bleiwen. D’Temperature leien tëscht 14 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op 19 bis 23 Grad erop. Tëscht de Wolleke ka sech d’Sonn weise kommen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 23 bis 28 Grad areecht, de Wand bléist schwaach an ufanks nach aus ëstleche Richtungen. Am Laf vum Owend wäert en ëmmer méi op Südwesten dréinen. Et gëtt no a no méi gro, éischt eenzel Schliet si net auszeschléisse, genee wéi och mol e Wieder. Am Laf vum Owend a vun der éischter Hallschent vun der Nuecht op de Samsde kënnt eis eng Okklusiounsfront aus Frankräich méi no, un där sech laut den aktuelle Modellrechnungen eng zolitt Donnerwiederfront ausbilde kéint. Déi eng Modeller gesinn et knapp un eis laanschtzéien, anerer awer rechne mat engem Treffer. Wéi genee et leeft, stellt sech réischt am Laf vum Dag eraus. Updates ginn et stänneg op der Websäit souwéi och op Facebook. Am Fall vu Wiedere wier mat Stuermstéiss a Knëppelsteng ze rechnen. D’Temperature falen op 15 bis 13 Grad.

Samsden, 13. Juni 2020

De Samsdemoien ass et meeschtens wollekeg, och Niwwelfelder si méiglech. D’Temperature leien tëscht 15 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op 19 bis 23 Grad erop. Et bleift meeschtens wollekeg, et sollt awer dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 23 bis 26 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süd- Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Am spéidere Nomëtten ass en eenzelt Donnerwieder net onméiglech, d’Sonn ka sech tëscht de ville Wolleke weise kommen. Et ass immens schmeier. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 15 bis 12 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg.

Sonnden, 14. Juni 2020

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 15 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op 17 bis 20 Grad erop. Et bleift frëndlech a sonneg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 20 bis 23 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Westen. An de Spëtzte kënne 40 km/h areecht ginn. Sonn a Wolleke wiessle sech weiderhin of, et sollt meeschtens dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 10 Grad zréck, et kommen e puer Wolleken an d’Spill. Reene sollt et awer ëmmer nach net.