Bléck op de Weekend: Summerlech Temperature probéieren et erëm

Nodeems de Gros vun der Woch an d’Waasser gefall ass, probéiert de Weekend eis elo e klengen Trouscht opzedëschen.

Grousswiederlag stellt sech ëm

D’Déifdrockgebitt aus de leschten Deeg a vun haut wäert sech de Weekend iwwer verzéien an opléisen. Dëse Schratt erméiglecht et, dass gréisser Plaz fir en Héichdrockgebitt gemaach gëtt, wat vun de Britteschen Inselen hier op eis iwwergräife kann. D’Sonn kritt also erëm däitlech besser Chancen, an dat bescht: et gëtt erëm méi waarm!


Héije Loftdrock kritt sech de Weekend iwwer bei eis duerchgesat

Freiden, 16. Juli 2021

De Freidemoien ass et staark bedeckt, och Niwwelfelder kënnen dobäi sinn. Fir de Rescht bleift et awer meeschtens dréchen, dat bei Temperaturen déi tëscht 13 a 17 Grad leien. Am Virmëtte klammen des Wäerter op tëscht 14 a 19 Grad erop. Et bleift bedeckt, mee gréisstendeels dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 21 a 24 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nord-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat bis zu 40 km/h ënnerwee. Et gëtt ëmmer manner wollekeg, gréisstendeels dréche war et bis ewell jo souwisou schonn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 13 a 15 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. An den Däller sinn awer nach eenzel Niwwelfelder méiglech.

Samsden, 17. Juli 2021

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 14 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 20 Grad erop. Et zéien e puer Wolleken duerch, et bleift awer dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 22 a 26 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nord-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et gëtt manner wollekeg, d’Sonn ass tëscht de Wolleken ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 14 Grad zréck, et zéie nach e puer Wolleken duerch. Op ville Plaze kläert et awer och op an et bleift dréchen.

Sonnden, 18. Juli 2021

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 13 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 21 Grad erop. Et gëtt ëmmer méi sonneg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 22 a 26 Grad ze erwaarden, d’Sonn dominéiert. Et si just e puer eenzel a kleng Wolleken ënnerwee, déi awer harmlos sinn. De Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nord-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 13 a 15 Grad zréck, den Himmel bleift kloer, resp. e kläert op.